arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Landwirtschaftskammer fillt sech nees wäertgeschat a begréisst dat ausdrécklech

Landwirtschaft

|
reading time

3 min

D'Landwirtschaftskammer fillt sech nees wäertgeschat a begréisst dat ausdrécklech

D'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg steet viru groussen Erausfuerderungen. Dat huet de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, am 100,7-Interview ënnerstrach. Am Fokus steet dobäi virun allem d'Zukunft vum Secteur an d'Ëmsetzung vun der europäescher Agrarpolitik.

reading time

3 min

Nach dëst Joer wëll d’EU Kommissioun eng néi Direktiv fir d’Landwirtschaft eraus ginn. D’Bauere wëllen deen Ament virbereet si fir en neit Agrargesetz auszeschaffen dat virun allem op Kontinuitéit setze soll. 

Fir de Christian Hahn vun der Landwirtschaftskammer bedeit dat awer net, datt alles beim Ale bleift. Hien ass der Meenung, datt punktuell Upassungen néideg sinn, besonnesch do, wou déi aktuell Reegelen an der Praxis net gutt funktionéieren.

Landwirtschaftsbetriber bréichte méi Flexibilitéit

Gläichzäiteg kritiséiert hien, datt d'Landwirtschaft ëmmer méi Ziler erfëlle muss, wärend d'finanziell Mëttelen net am selwechte Mooss matwuessen. D'Betriber bräichten dofir méi Flexibilitéit an eng méi grouss Berécksiichtegung vun hire prakteschen Erfarungen um Terrain.

“Mir schaffe mat Buedem, mat Loft, mat Waasser, et ass a sech kee Betrib, deen iergende Grond huet, eppes vun deem schlecht ze maachen, well et ass eng Zukunft, wat e brauch fir ze schaffen, duerch Ziler gëtt dann awer gesot, dat muss erreecht ginn. An dat gëtt awer dacks da schwiereg, och wann een an déi Richtung schonn eppes mécht, mee fir genau dann dat Zil ze bedéngen, wat dann awer an engem Büro decidéiert ginn ass.”

Agrarbetriber ginn ëmmer manner

Eng weider Prioritéit ass fir de Christian Hahn de Generatiounswiessel am Secteur. Wärend et virun 30 Joer nach bal 4.000 landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg gouf, sinn et der aktuell nach knapp 1.800. Fir de Christian Hahn ass et dofir entscheedend, jonk Leit an och Quereinsteiger fir de Beruff ze begeeschteren. Nieft finanzieller Hëllef géif et virun allem ëm laangfristeg Plangbarkeet goen:

“Ech mengen déi Jonk brauchen déi Ënnerstëtzung an awer och déi Plangbarkeet, fir net nëmmen am Ufank mat engem One-Shot eng Kéier ermutegt ze ginn, ranzeklammen, mee se brauchen déi Plangbarkeet, fir iwwert hir ganz Generatioun dann dee Betrib och propper kënnen ze féieren.”

Energiekris wierkt sech staark op d'Baueren aus

Iwwerdeems bleiwen och d'Auswierkunge vun der aktueller Energiekris e wichtegt Thema fir d’Baueren. Déi héich Präisser fir Mazout, Stroum an Dünger hätten eng Rei Betriber staark belaascht. Datt d'Landwirtschaft d’lescht Woch dofir no 15 Joer nees bei Tripartite-Gespréicher vertruede war, gesäit de President vun der Landwirtschaftskammer als positiv.

“Datt mer erëm als Landwirtschaft mat derbäi sinn, och wa mir um PIB net dee gréissten Deel ausmaachen, mee et ass een immens wichtege Secteur an ech mengen et ass jo och do drëms gaang, an dat huet een och wierklech an de Gespréicher gemierkt, déi Wäertschätzung vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft vun deene Produkter, déi mer awer maachen. Déi Ëmweltkrittären, déi mer erfëllen a probéieren nach besser ze erfëllen."

Et hätt ee sech wierklech wäertgeschat gefillt, esou nach de Christian Hahn.

Dat ass wichteg fir d’Baueren, besonnesch no der Annonce vun der EKABE Molkerei, déi vun Abrëll d'nächst Joer u keng Mëllech méi vu Lëtzebuerger Baueren unhëlt. 68 Betriber sti virun enger ongewësser Zukunft.

De Christian Hahn erkläert, datt nieft de wirtschaftleche Konsequenze virun allem den Drock op déi betraffe Famillje wuesse géif. Trotz de Schwieregkeete bleift hien awer zouversiichtlech. Momentan wier vill Aarbecht um Terrain an et wier wichteg dass déi betraffe Betriber deemnächst eng Ofsécherung hätten.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Christian Hahn