arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien blockéiert d'Arees vum US-Rapper Kanye West

Ëmstriddene Museker

|
reading time

1 min

Groussbritannien blockéiert d'Arees vum US-Rapper Kanye West

Den US-Rapper Kanye West dierf net a Groussbritannien areese fir do op engem Festival zu London opzetrieden. Déi brittesch Regierung huet déi Decisioun, op Grond vu senge rezenten antisemitteschen a rassisteschen Aussoen, geholl. 

reading time

1 min

Den amerikanesche Rapper Kanye West | © EPA/ALLISON DINNER
Den amerikanesche Rapper Kanye West (Foto: EPA/ALLISON DINNER)

De Rapper hat d‘lescht Joer e Lidd mam Titel "Heil Hitler" publizéiert. Ufank dëst Joer hat hie sech dofir entschëllegt a gesot, datt hien déi Aussoe wéinst senger bipolarer Stéierung gemaach hätt. 

De Festival zu London gouf iwwerdeems elo ofgesot, mellen d‘Organisateuren.