arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schéi Musek fir schei Leit

Album vun der Woch

|
reading time

3 min

Schéi Musek fir schei Leit

Amplaz just a sech eran ze kucken, riicht déi kanadesch Songschreiwerin Charlotte Cornfield hire Bléck op hirem neien Album no baussen.

reading time

3 min

© Colin Medley
(Foto: Colin Medley)

Am Titeltrack vun hirer sechster Plack erzielt d’Charlotte Cornfield d’Geschicht vun zwee scheie Mënschen an dem Courage, deen néideg ass, fir sech selwer an deem aneren seng Gefiller anzegestoen. Dat mécht si mat esou renger Ironie a spuersamer Sprooch, datt ee sech ongeféier virstelle kann, wéi d’Jane Austen géif kléngen, wa si am 21. Joerhonnert gelieft a sech eng Fender Jazzmaster zougeluecht hätt fir Indie-Musekerin ze ginn. 

Country steet am Mëttelpunkt

Iwwer d’Arrangement vun “Hurts Like Hell” mat senge Country-Aflëss huet de Museksjournalist Matt Melis vu Paste Magazine geschriwwen, et géif kléngen, wéi senger Wäsch nozekucken, déi relax an der Maschinn ronderëm dréint. An dat ass an deem Fall duerchaus als Kompliment gemengt.

D’Charlotte Cornfield huet ursprénglech Jazz-Batterie studéiert. Si weess also, wéi si dat, wat a Wierklechkeet ganz komplex ass, awer lëfteg wierke loosse kann.

Amplaz vum Jazz steet hei éischter de Country am Mëttelpunkt, méi wéi bei de viregte Placken, déi éischter an d’Richtung alternative Rock goungen. Besonnesch d’Pedal Steel setzt Akzenter. An d’Charlotte Cornfield kleet hir prezis Erzielung an eng Musek, wéi si nëmme kann entstoen, wann eng Band an engem Raum zesumme spillt.

Lidder, déi ootmen

Besonnesch agreabel ass, datt d’Kanadierin an hire Produzent Philip Weinrobe genuch Plaz loossen, fir datt d’Lidder ootmen. Esou entsteet d’Gefill, dee Raum tatsächlech kënnen ze héieren.

An och d’Geschichte mat hire Personnage wierken, wéi wa si sech wierklech géifen ofspillen. Zum Beispill déi vum “Lost Leader”, deem d’Verkleedung vum fréiere Frontmann net méi passt:

“You are a lost leader

Where is your band?

You pull up by an old beater blue minivan

The party’s a real heater

But these aren’t your friends

They’re just people who know who you are”

Sech selwer net ze wichteg huelen

Prestigiéis Gäscht wéi d’Feist oder de Buck Meek (Big Thief) hale sech diskret am Hannergrond. D’Feist séngt Backing Vocals op “Living With It”, an deem d’Erzielerin probéiert sech dervun ze iwwerzeegen, datt si mat enger Trennung ganz wonnerbar kann ëmgoen.

Et war d’Gebuert vun hirer Duechter, déi d’Musekerin dozou bruecht huet, sech manner mat sech selwer ze beschäftegen, mee amplaz hir Opmierksamkeet op déi Geschichten ze riichten, déi hir an hirem Alldag zu Toronto begéinen. An et ass wuel d’Konscht sech selwer net ze wichteg ze huelen an eis als Nolauschter:innen dofir ëmsou méi, déi eng Plack wéi “Hurts Like Hell” esou memorabel mécht.