arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ James Blake – Trying Times: Léift ass awer d’Äntwert, oder?

Album vun der Woch

|
reading time

2 min

James Blake – Trying Times: Léift ass awer d’Äntwert, oder?

“Trying Times” ass dem englesche Museker a Produzent James Blake seng éischt independent Release. Den Artist war virdrunner haaptsächlech als Feature-Artist vun anere grousse Museker, wéi zum Beispill de Kendrick Lamar oder Travis Scott, bekannt.

reading time

2 min

Do huet hie sech och ëmmer rëm kritesch zu Labelen an der Musekszeen ausgedréckt, ënner anerem well e fir déi Features anscheinend net gutt bezuelt gouf.

Den heiten Album wierkt dowéinst bësse wei en Dram, deen den Artist sech erfëlle konnt: Einfach Musek maachen a komplett kreativ Kontroll hunn.

Eng breet Panoplie bei der Produktioun

Den Album ass bëssen an zwee Deeler opgedeelt: Am Ufank héiert ee gewinnte Produktiounen, ganz epesch an dramatesch mat elektroneschen Elementer, an dem James Blake senger geflüsterter Stëmm.

Vun der Hallschent u kënnt op eemol (an och matzen an engem Song) e Broch. An do ginn d’Produktiounen an all Richtungen: Den James Blake weist eis, wat hien alles esou maache kann als Museker. Do gëtt et bemol méi Soul beim Track “Days Go By”, méi House, wéi bei “Rest Of Your Life”, an den James Blake erënnert eis och nach eng Kéier drun, datt hien e gudden Hip-Hop-Produzent ass, mat der Single “Doesn’t Just Happen” mam Rapper Dave.

Mir hunn hei also bëssen en Duercherneen, mee dat steiert an dësem Fall net wierklech. Et ass bësse wéi eng Rees, wou eis den James Blake eng Kéier all seng Talenter virstellt.

Léift an existenziell Ängscht

E richtegen Highlight bei dësem Album ass och den Text. Dat ass och wat den Album thematesch zesummenhält.

Et geet ëm Léift - natierlech sinn och schéi Ballade mat dobäi - Libeskummer an existenziell Ängscht. An dat gëtt alles an einfachen, mee schéine Wierder op de Punkt bruecht.

D’Welt brennt a mir sichen all no Léisungen a Weeër, eis besser ze fillen. Den James Blake bitt eis hei lo keng Léisung, och wann d’Léift ëmmer rëm opkënnt a vläit awer kéint d’Léisung sinn, mee de Museker gëtt eis e Gefill vu Gemeinschaft.

Mir setzen all am selwechte Boot, mir ginn all grad duerch “trying times”, also méi schwéier Zäiten. Dat sollte mir eis bewosst sinn. Mir kënnen d’Welt vläit net retten, mee wa mir méi beienee sinn, da geet et vläit awer besser.