arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Labrinth – COSMIC OPERA ACT I

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Labrinth – COSMIC OPERA ACT I

De Labrinth, mat richtegem Numm Timothy Lee McKenzie, ass e brittesche Sänger, Songwriter, Rapper a Produzent. Hien huet fir vill grouss Museker produzéiert, wéi zum Beispill Beyoncé, Rihanna, Eminem oder och The Weeknd. Mee och säin eegene Projet huet an de leschte Jore vill Succès feiere kënnen. 

headphones

3 min

Euphoria 

Besonnesch mat der Kompositioun vum Score vun der Serie "Euphoria" konnt de Museker méi mainstreame Succès gewannen. Schonn d’Serie selwer war vill beschwat a gutt ukomm. An zemools d’Musek gouf gelueft. Spéitstens do war dem Labrinth säi Succès net méi ofzestreiden.

De Museker huet e ganz eegene "moody" a cinematographesche Sound, deen huet natierlech gutt bei d’Serie gepasst. An och op dem neien Album vum Artist feelt den onverkennbare Sound net. Mee, hei gëtt de Projet awer och nach weider ausgebaut.

Orchestral Elementer 

Déi musikalesch Produktioun ass bei dësem Album e gutt Stéck méi grouss opgezunn. De Labrinth baut an dësem Album vill orchestral Elementer an, déi d’Dramatik ënnersträichen, ouni datt et awer ustrengend ass ze lauschteren. Zemools de Chouer ass gutt agesat a léist ee schwiewe beim Lauschteren. An och d’Aart a Weis wéi de Museker séngt gëtt hei gutt ënnerstëtzt.

Konzeptalbum

Et handelt sech heibäi ëm e Konzeptalbum. Net nëmmen, well musikalesch e klore roude Fuedem ze erkennen ass. Och textlech beweege mir eis ëmmer an änlechen Theemen.

De Labrinth verschafft säi Succès an och déi däischter Säite vun der Museksindustrie. D’Paranoia, déi vill Artiste spieren, no hirem éischte groussen Erfolleg: Nach eppes produzéieren, wat och erëm esou erfollegräich ass, absolut kee Flopp erausbréngen, den interne Chaos meeschteren a gutt op seng mental Gesondheet oppassen.

Dat ass alles natierlech net ganz einfach. Eng ganz grouss Visioun also textlech, wéi och musikalesch, déi hei zu engem kompakten a gudde Projet zesummefonnt huet.

Rosalia? 

D’Iddi, orchestral Elementer a senger Musek ze verschaffen, ass näischt Neies. Zemools zënter dem Release vum Album "Lux" vun der katalanescher Musekerin Rosalia, ass dës Mëschung vu Pop mat méi klasseschen Elementer allgemeng am Moment vill méi present.

Dem Labrinth säin Album mécht dat awer nach op eng aner Aart a Weis. Natierlech hunn déi zwee Projeten awer eng änlech DNA: d’Rosalia, esou wéi de Labrinth, hunn hir grouss Visioun an en Album zesummekritt, an dobäi hir Fans positiv iwwerrascht an och nach aner Leit erreecht.

Allgemeng ass et schéin ze gesinn, wéi sech d’Popzeen grad entwéckelt: Orchestral Elementer abaue schéngt en neien Trend ze sinn. Ech si gespaant, wat do soss nach an Zukunft alles ausprobéiert gëtt.