Nach ni goufen esou vill Sue fir eng elektresch Gitar bezuelt.
Déi handgemaachen E-Gitar vum Jerry Garcia, dem Gitarrist vu Grateful Dead, huet fir 11,5 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt. D'Guitar vum Kurt Cobain ass awer mat 7 Milliounen Dollar ënner den Erwaardungen un d'Stee bliwwen.
Net just Gitarren, och Dokumenter aus der Rockgeschicht goufe versteet. Beispillsweis gouf den handgeschriwwenen Text vum Lidd "The times they are changing" vum Bob Dylan fir 2,5 Milliounen Dollar verkaft.