D‘Dolly Parton war viru Kuerzem u Kriibs erkrankt. Si huet méi wéi 100 Milliounen Albume weltwäit verkaaft an iwwer 3.000 Lidder geschriwwen. Dat an enger Karriär, déi sechs Joerzéngte gedauert huet.
"I Will Always Love You"
Zu hire bekanntste Lidder gehéieren "Jolene", "9 to 5" an "I Will Always Love You" – d‘Cover-Versioun dovun, vun der Whitney Huston, ass ee vun de gréissten Hits aller Zäiten.
Trauer an den USA
D‘Dolly Parton war och fir hire sozialen Engagement bekannt. Si huet zum Beispill Milliounen Dollar fir Educatioun a Bicher gespent.
No hirem Doud koume vill Hommagen. De Sir Paul McCartney sot, et wier schwéier, sech eng Welt ouni d‘Dolly Parton virzestellen.
Den US-President Donald Trump huet d‘Fändelen an de ganzen USA fir eng Woch laang op Hallefmast setze gelooss.