arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Joer gratis Museksunterrecht: Déi gefaarte Konsequenze bleiwen aus

Educatioun

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

3 Joer gratis Museksunterrecht: Déi gefaarte Konsequenze bleiwen aus

Solfège maachen, een Instrument oder Danz léieren, ouni datt et eppes kascht. Virun 3 Joer gouf dat fir Kanner zu Lëtzebuerg méiglech gemaach. A wann een haut de Bilan zitt, fält op, datt vill Ängschte vun deemools guer net agetruede sinn.

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow
© picture alliance / dpa Themendienst | Florian Schuh
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Florian Schuh)

Lëtzebuerg war dat éischte Land, dat de gratis Museksunterrecht ageféiert huet. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no sollt esou den Accès op Danz a Musek méi demokratesch gemaach ginn. 3 Joer duerno gëtt elo eng kleng Upassung um Gesetz gemaach.

2 Joer am Plus, duerno eng Stagnatioun

Am 100,7-Interview confirméiert de Romain Asselborn, President vum Verband vun de Lëtzebuerger Museksschoulen an Direkter vun der Museksschoul vu Gréiwemaacher, datt d’Aschreiwungszuelen effektiv an d’Luucht gaange sinn.

Am éischte Joer no der Reform gouf et e Plus vu 7-8 Prozent. Am zweete Joer huet dat ganz änlech ausgesinn. Elo, am drëtte Joer no der Reform, géing d’Zuel sech awer stabiliséieren an net méi eropgoen.

Dës Zuele gëllen natierlech just fir déi 11 kommunal a regional Museksschoulen, net fir de Conservatoire an d’UGDA.

De Romain Asselborn betount awer och, datt den demographesche Wuesstem zu Lëtzebuerg och dozou bäigedroen huet, datt sech an de leschte Jore méi Kanner an de Museksschoulen ageschriwwen hunn.

En Taux d'abandon vu 5 Prozent

Datt d’Zuelen ufanks an d’Luucht gaange sinn, wier net verwonnerlech, seet de Romain Asselborn. Datt et elo no 3 Joer zu enger Stagnatioun kënnt, erkläert hien doduerch, datt och d’Museksschoulen un d’Limitt vun hire Capacitéite kommen. Deementspriechend ginn et - jee no Museksschoul - ënnerschiddlech laang Waardelëschten.

Dës Lëschte wieren deelweis awer och bewosst en place gesat ginn, fir kënnen Abandonen ze ersetzen, erkläert de Romain Asselborn.

Wat den Taux d’abandon ugeet, esou léich dee bei 5 Prozent. Gemooss gëtt hei d’Moyenne iwwer e ganzt Schouljoer. Schüler:innen, déi no der Aschreiwung guer net optauchen, oder virum 1. November ophalen, ginn deemno net gezielt.

Deen Datum vum 1. November ass och wichteg am Kontext vun der Upassung um Gesetz. De Staat finanzéiert aktuell all Schüler:in, deen oder déi virum 1. November fir eng aner oder een aneren noréckelt. Dës Period soll bis den 31. Dezember verlängert ginn. Jiddereen, deen duerno noréckelt, gëtt net finanzéiert.

Keen Ersatz fir eng Crèche

Datt d’Museksschoul elo zu enger Zort Crèche géing ginn, déi Angscht hat ee virum Akraafttriede vum neie Gesetz. Dëst ass awer net geschitt. Als Schüler:in an der Museksschoul misst ee vill schaffen, an och vun den Eltere géing e gewëssent Engagement verlaangt ginn.

A well déi meescht Coursë just ëm déi 20 Minutte laang wieren, géingen déi meescht Eltere séier mierken, datt et eng Crèche oder Änleches net ersetze kéint.

“Wann ee Kand net gewëllt ass Musek ze maachen oder kee Spaass dorun huet, mécht et et souwisou net laang.”

Ängschte vu virun 3 Joer sinn net agetrueden

D’Gratuitéit wier also ënner dem Stréch eng gutt Saach a wier allgemeng positiv vun de Museksschoulen opgeholl ginn, esou de President vum Verband vun de Lëtzebuerger Museksschoulen.

D’Administratioune vun de verschiddene Schoule wieren och net "iwwerflut" ginn, an et wier een och net vun auslännesche Schüler:innen iwwerrannt ginn, betount nach de Romain Asselborn.

Alles dat ware Saachen, déi ee virun 3 Joer nach gefaart hat.

play_arrow Lauschteren