arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Song vum Joer 2025

Klang Musekspräis

|
headphones

15 min

Song vum Joer 2025

Dat ganzt Joer hu mir vill Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler:innen um Radio gespillt. E Freideg, den 19.12.2025, annoncéiere mir de Gewënner oder d'Gewënnerin vum Klang 2025 an eiser Emissioun "Gutt ënnerwee".

headphones

15 min

D'Shortlist mat den Nominatioune gouf vun der 100,7-Museksredaktioun zesummegestallt, baséierend op de Lidder, déi 2025 um Radio gespillt goufen.

Adriano Selva - Amore Ciao

play_arrow Adriano Selva - Amore Ciao

Et waren déi zwee Wierder, déi seng Mamm a seng Groussmamm him ëmmer soten, wann hie lassgezunn ass: "Ciao, Amore". "Eis Weeër sinn net linear", seet den Adriano Selva. "Deen een Dag begéine mir eis als Friemer, deen aneren Dag soe mir eis als Liewenspartner Äddi."

Och wa verschidde Persounen, déi hien a sengem Liewe kennegeléiert hätt, just ee Kapitel géifen duerstellen, géif hie si all a sengem Häerz droen.
"Zu jidderengem, dee mäi Liewe mat Schéinheet a Léift gefëllt huet, soen ech: Ciao Amore, ciao."

Den Adriano Selva (fréier bekannt als CHAiLD) huet italieenesch a portugisesch Originnen. D’Passioun an d’Intensitéit vun deenen zwou Kulturen hunn hien déif gepräägt.

A senge Lidder vermësche sech Melodien an Erzielungen. Gedroe vu senger waarmer an expressiver Stëmm, verwandelt seng Musek d’Sensibilitéit an d’Vulnerabilitéit an artistesch Stäerkt.



ÆM - Seraphim

play_arrow ÆM - Seraphim

Reliéis Erzielungen iwwer Begéignunge mat Gott, Hellegen a Wonner aus hirer Heemecht Portugal hunn d’ÆM zu dësem Lidd inspiréiert. Si erfënnt dës Geschichten nei als Renconter mat engem Ausserierdeschen.

Si danzt mam Alien, wëllt méi no kommen, vun hire Sënner befreit ginn an ass verzaubert vun der Schéinheet an Intelligenz vum Himmelswiesen.

Déi lëtzebuergesch-portugisesch experimentell Pop-Kënschtlerin beschäftegt sech gär mat de rauen Ecken a Kante vum zäitgenëssesche Pop an dréckt seng Grenzen an d’Extreemer.

Messerschaarf Perkussioun, breet Synthesizer-Kläng an eng onverkennbar Stëmm stinn am Zentrum vun hirem Sound.



Don Piano (feat. Amia) - BOI

play_arrow Don Piano (feat. Amia) - BOI

"'BOI' ass e Lidd iwwer Fehlkommunikatioun an enger Bezéiung, wat dacks d'Haaptursaach ass fir Konflikter bei enger Koppel, déi sech soss gären huet", seet de John Wolter. Hien ass Drummer, Komponist a Sänger, an de Kapp hanner Don Piano.

"Déi richteg Wierder fir seng Gefiller ze fanne bleift eng schwiereg Aufgab, egal wéi vill ee schonn zesummen erlieft huet." Et wier also ganz passend gewiescht, datt hien dëst Lidd mat senger Fra zesumme geschriwwen a kreéiert hätt.

Staark beaflosst vu Bands wéi D'Angelo, J Dilla, The Pharcyde a villen aneren aus der gëllener Ära vum Hiphop an RnB, probéiert den John dem Genre mat introspektiven Texter an Aflëss säin eegenen Touch ze ginn.

Virun allem probéiert Don Piano a senge Lidder organesch, fragil a mënschlech ze kléngen.



Francis of Delirium - Little Black Dress

play_arrow Francis of Delirium - Little Black Dress

"Ech wollt e Lidd erausbréngen, dat d'Energie an de Chaos vum Live-Spillen an dem Optrieden op der Bün afänkt", seet d’Jana Bahrich, déi als Francis of Delirium Rockmusek mécht. "Et ass e Lidd iwwer d‘Virfreed erauszegoen, d'Hoffnung, d'Verzweiflung an déi ultimativ Enttäuschung."

D’Jana schreift éierlech Texter, déi vill Emotiounen a perséinlech Erfarunge verschaffen.

Si ass an de leschte Méint vill op Tour gewiescht, dorënner als Virband fir Blondshell. Hieren Debutalbum "Lighthouse" koum am Mäerz 2024 eraus a krut vill Luef vun internationale Medien. The Guardian huet en zu de beschte Placke vum Joer gezielt. Uncut huet si souguer "Luxembourg’s first Indie Queen" genannt. E Lidd vun hirem Album gouf och an der Netflix-Serie "Too Much" benotzt.



Josh Island - Courage

play_arrow Josh Island - Courage

"D'Lidd 'Courage' ënnersicht déi ënnerlech Kämpf, déi mir verstoppen (wéi Monsteren, déi an eiser Broscht sëtzen), an erënnert eis dorun, ni d'Hoffnung ze verléieren an ëmmer d‘Enn vum Tunnel am A ze behalen", seet den Josh Island iwwer säi Song.

"'Courage' gouf zesumme mam Ben Rheinländer zu Amsterdam entwéckelt a markéiert mäin éischte Sprong an e méi raue Sound, an deen ech mech wierklech verléift hunn an deen ech weider entdecke wëll."

De Sänger kombinéiert ustiechend Melodië mat introspektivem, awer trotzdeem positivem Storytelling. Beaflosst gouf hie vu Kënschtler wéi Fink, Sting oder Ben Howard.

Op sengem neien Album "Imaginary Borders" (Mäerz 2026), confrontéiert de Josh d'Maueren, déi mir opbauen, physesch wéi och emotional, a rifft d'Nolauschterinnen an Nolauschterer dozou op a sech selwer ze kucken an eng Welt mat méi Empathie a Versteesdemech ze ëmäermelen.



Maz Univerze - Zombie (feat. Saya Noé)

play_arrow Maz Univerze - Zombie (feat. Saya Noé)

"Mir hunn oder haten alleguer schonn en Zombie an eisem Liewen. Ob en aktuelle "Lover", en Ex, e Kolleeg, e Familljemember, e Mataarbechter oder soss een, jidderee kennt déi eng Persoun, déi bannendran dout ass, nëmmen hëlt an hëlt, dech bal opfrësst, awer ni eppes zeréckgëtt. Dëst Lidd geet dorëms", esou de Maz iwwer "Zombie".

"D'Lidd ass fir mech immens bedeitend, well et meng éischt Zesummenaarbecht mat enger ungarescher Kënschtlerin, der Saya Noé ass. Dës Verbindung fillt sech besonnesch speziell un, well ech selwer hallef Ungar sinn. Mir sinn eis 2022 um Sziget Festival begéint, wou mir allebéid opgetruede sinn. Elo, dräi Joer méi spéit, hu mir dëst Lidd zesumme verëffentlecht an dëst och live um Sziget Festival 2025 opgeféiert. E richtege Full-Circle Moment."

Dem Maz gouf eigentlech eng traditionell Liewensweis an d’Wéi geluecht. Et huet e bësse gedauert bis seng schéin, awer bluddeg Poesie-Notizen aus der Schlofzëmmerkomoud erauskoumen a bis de Pride Fändel tëschent de Metal-Posteren duerchgebléckt huet.

Haut setzt hie seng Gedanken an eng Explosioun vun alternativem Emo-Rap mat Rock a Metal-Referenzen. Hie schaaft domat eng däischter awer hoffnungsvoll Ausdrocksform.



NINON - Charm

play_arrow NINON - Charm

"'Charm' ass e Lidd, dat ech dëst Joer wärend menger Zäit zu Montreal geschriwwen hunn", seet d’Ninon. "Et ass eng queer Geschicht iwwer zwee verléifte Meedercher ... eng jonk, hell a glécklech Aart vu Léift."

Ninon ass eng lëtzebuergesch/franséisch Musekerin. Als jonken Teenager huet si ugefaange Lidder ze schreiwen. Zanterhier fléisst d’Musek ëmmer weider aus hir eraus.

Um Screaming Fields stoung si als éischt op der Bün, wou si net nëmmen de Publikum verzaubert huet, mee och direkt dräi Bookers Choice Awards an de Song Contest gewonnen huet. No dësem Erfolleg huet hir Collaboratioun mam Lëtzebuerger Musekslabel Two Steps Twice a mat der Musekerin Jana Bahrich alias Francis of Delirium ugefaangen.



Octo - Op Éiweg

play_arrow Octo - Op Éiweg

"'Op Éiweg' ass e Song, deen ech mengen Eltere widmen, fir hinne Merci ze soe fir alles, wat si mir erméiglecht hunn", seet den Octo. "Als Kanner vun Immigranten hate si net vill an hu missen haart schaffen an esou munch Dreem opginn, fir datt ech meng konnt realiséieren. Dofir sinn ech hinnen op éiweg dankbar."

Zënter senger Kandheet schléit dem Octo säin Häerz fir all méiglech Zort vu Konscht: ob Schauspill, Synchronspriechen, oder eeben och Musek. 
Mam Kënschtlerkollektiv Stayfou konnt hie säin Dram verwierklechen, fir seng Gedanken a Musek ze faassen a mat der Welt ze deelen. Säi beruffleche Wee ass en aneren: Momentan mécht hie säin Dokter an der Mathé zu Berlin. “Mee ob s de et gleefs oder net, och do brauch ee Kreativitéit.”



RAFTSIDE - DNCNG

play_arrow RAFTSIDE - DNCNG

"'DNCNG' ass en Hommage un Disco, mat engem Bols vun New Wave aus den 80er. D’Lidd vermëscht Surrealismus mat gesellschaftspolitescher Reflexioun", seet de Filip Markiewicz alias Raftside iwwer DNCNG. D’Stéck soll souwuel zum Nodenke wéi och zum Beweegen invitéieren: "Ech wollt e Lidd maachen, dat schwätzt, wärend et dech danze léisst."

Raftside formt eng Welt aus melancholeschem Elektropop an Nu-Disco-Schimmer a féiert eng Linn weider, déi mam Album “Opinion Lieder” (2007) - beschriwwe vum Intro Magazine als "eng Mëschung aus The Strokes a Kraftwerk" ugefaangen huet.

Seng spéider Albummen, "Empty Star" (2017) an "Ultrasocial Pop" (2021), hunn dësen Universum vun däischteren a cinematografeschen Territoiren erweidert, wou Poesie op Bols trëfft.

Raftside kanaliséiert Verletzlechkeet, Politik a Pop a fluoreszent, vum Beat gedriwwe Lidder, déi elo op sengem neien Album “The Modern Hope” (2025) zesummekommen.

 

Tuys - Upside Down

play_arrow Tuys - Upside Down

Tëschent energeetesche Live-Shows a cinematografesche Videoen ass Tuys eng Mëschung aus artistescher Raffiness a Pop-Hooks.

D'Band gouf 2007 vun dräi Frënn aus der Grondschoul gegrënnt a se ass bis haut hire Liewensprojet mat engem neie Sëtz zu Berlin. Hir Bezeechnung fir hir Musek "art rock and emotive psych pop with chiming guitars, synths, and wide-ranging vocals."

"As we fall, smashing through the ground, into another sky: a world upside down." "Upside Down" ass eng Collage vun de perséinleche Stréimungen an der Band an hiren ënnerschiddleche musekaleschen Aflëss. Et geet ëm d'Gefill, wéi wann d'Welt op eemol op de Kapp gestallt wier.