Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng fuerderen ee besseren Informatiounsaccés fir Journalisten

Medien

déi gréng fuerderen ee besseren Informatiounsaccés fir Journalisten

An der Mediekommissioun, an där haut um Dënschdeg de Projet fir d‘Informatiounszougangsgesetz virgestallt gouf, hunn d‘Deputéiert vun déi Gréng entspriechend Amendementer agereecht, fir den Informatiounsaccés fir Journalisten ze verbesseren.

auto_stories

1 min

Si fuerderen ënnert anerem méi Transparenz bei der Beaarbechtung vu journalisteschen Ufroen, duerch zum Beispill Confirmatiounen iwwert den Erhalt vun den Ufroen, an och ee gesetzlech verankert Asiichtsrecht fir d‘Commission d‘accès aux documents.

Dës Virschléi ginn an den nächste Wochen an der Mediekommissioun beschwat.