Radioen

On air

9 bis 1  |  C'est Karma - Anytime-Anywhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arméisgewerkschaft SPAL wërft der Regierung e schlechte Sozialdialog vir

Generalversammlung

Arméisgewerkschaft SPAL wërft der Regierung e schlechte Sozialdialog vir

D‘Arméisgewerkschaft SPAL huet der Regierung gëschter Owend op hirer Generalversammlung e schlechte Sozialdialog virgeheit. Dat besonnesch a Relatioun mam Bewäertungssystem fir d’Arméi, deen 2023 agefouert gouf, an deen de SPAL ofleent.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De Sozialdialog géif do méi wéi eng Kéier mat Féiss getrëppelt ginn, esou hire President, de Christian Schleck.

"Esou wéi den aktuellen Defenseminister sech géigeniwwer dem SPAL, mee och der CGFP, verhält, geet net op eng Kouhaut. Dëst weist déi rezent Haltung op d'Propositioun ronderëm den Artikel 32 "Bewäertung", wou mir zesumme mat der APOL an der CGFP e raisonabelen a verstännege Virschlag gemaach hunn. An bei dem goufe mir einfach ofzerwéiert."

Donieft huet de SPAL Verbesserunge bei de Reklassementer vun den Arméismembere gefrot, änlech wéi dat an der Police de Fall wier.

Lauschterenplay_arrow