Radioen

On air

9 bis 1  |  The Cure - Lovesong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inneministère gëtt Erklärungen zum iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh

Kultur

Inneministère gëtt Erklärungen zum iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh

Den Inneministère reagéiert op d‘Kriticken, nodeems den iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh d‘Land huet misse verloosse, well hien seng Openthaltsgeneemegung net erneiert krut.

auto_stories

2 min

Foto: Daniel Fragoso

Den Inneministère schreift an engem Communiqué vu gëschter Owend: Dem Gesetz no misst all Persoun aus engem Drëttstaat noweise kënnen, datt si déi néideg perséinlech Ressourcen huet, fir am Land kënnen ze bleiwen. Dat wier awer hei net de Fall gewiescht. Deen iranesche Kënschtler hätt weder als Independant, nach als Titulaire vun engem Deelzäitkontrakt kënnen noweisen, datt hien déi néideg Ressourcen huet, esou de Minister.

D‘Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat d‘lescht Woch op de Fall vum Alborz Teymoorzadeh opmierksam gemaach. Ënnert dem Titel "Mépris pour l‘art“ hat d‘Land geschriwwen, déi consultativ Kommissioun wier der Aschätzung gewiescht, dem Kënschtler seng Konscht géif dem Land keng ekonomesch Plus-Value bréngen.

Dat huet fir vill Kritik gesuergt, vun ënnert anerem dem Direkter vun der Escher Kulturfabrik René Penning a vun aner kulturellen Associatiounen.

Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard a Meris Sehovic hunn zu dësem Fall eng parlamentaresch Fro un den Inneminister Léon Gloden an un de Kulturminister Eric Thill gestallt.