De Mudam-Verwaltungsrots huet op Ufro vum DP-Kulturminister der Kommissioun haut um Mëttwoch hir Progrèse vun de leschte Méint presentéiert an e positive Bilan gezunn.
Uganks dës Jores waren intern Tensiounen am Musée um Kierchbierg ëffentlech ginn. Den deemolege President vum Verwaltungsrot hat demissionéiert, an d’Direktesch Bettina Steinbrugge, ass wéinst hirem Féierungsstil an d’Kritik geroden.
Eric Thill: "Et ass vill Nachholbedarf ginn"
An internen Aarbechtsgruppen hätt de Verwaltungsrot zesumme mat de Mataarbechter:inne vum Mudam an der Direktioun an de leschte Méint probéiert rauszefannen, wou de Schong dréckt, an op Base dovun néi Prozeduren ausgeschafft, esou de Kulturminister.
"Dat ass eng Kéier drëms gaange fir d'Missiounen an och d'Definitioun vum MUDAM nach eng Kéier am Detail ze kucken, ze schäerfen. Vu wat schwätze mir ganz konkreet? Wat sinn d'Missiounen? Wou fänken se un? Wou hale se op vun deene jeeweilege Leit, Departementer an och vum Verwaltungsrot?"
Et wier virun allem drëms gaagnen, d'Gouvernance vum Mudam ze moderniséieren an ze iwwerschaffen, esou nach de Kulturminister. Et wier e gewëssen "Nachholbedarf" beim Règlement d'ordre intérieur, dem ROI, ginn.
Rezent an de Schlagzeilen
Am Januar dëst Joer war den deemolege President vum Verwaltungsrot Patrick Majerus zeréckgetrueden. Tensiounen an der Ekipp a Problemer mat der Gouvernance sollen deemools scho méi e laang Sujet tëschent dem Verwaltungsrot an der Direktioun gewiescht sinn.
De Verwaltungsrot soll ze interventionistesch gewiescht sinn. Der Dirketrice vum Mudam gouf ënner anerem Harcèlement vun de Mataarbechter:inne virgehäit.
Leit haten Angscht, hir Meenung ze soen
D’Klima am Mudam war net gutt. Fir zukünfteg Konflikter ze verhënneren, gouf complementaire zu engem neie ROI och eng Charte ausgeschafft, esou d’Vize-Presidentin vum Mudam Verwaltungsrot, d'Beryl Bruck
"Do sinn deelweis vläicht e bësse banal Reegele virgesinn, wéi een tëschemënschlech ëmgeet, een deen aneren ausschwätze loossen, à l'écoute ze sinn. Do war wierklech deelweis eng Angscht fir prendre la parole, fir seng Meenung ze soen."
Nieft dëse Mesurë sollen och néi Konferenzraim an Tele-Travail d’Mataarbechter:innen entlaaschten, déi all an engem groussen Open Space Raum zesummeschaffen, huet et an der Kulturkommissioun vun der Chamber geheescht.