Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng fille sech an der Oppositioun ukomm

Parteikongress

déi gréng fille sech an der Oppositioun ukomm

Ronn ee Joer no hirer zolitter Néierlag bei de Chamberwalen hu sech déi gréng eng nei Parteiprésidence ginn. An d’Plaz vun den aktuellen Deputéierten Djuna Bernard a Meris Sehovic sinn um Kongress zu Leideleng déi fréier Volleksvertrieder Stéphanie Empain a François Benoy gewielt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De grénge Parteikongress. | © Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Mat 96,5, respektiv 98,3 Prozent Zoustëmmung krut den Duo Empain-Benoy e grousse Vertrauensvirschoss mat op de Wee. De Kongress hat dann och e bëssen eppes vun Opbrochstëmmung, well déi gréng an der Oppositioun ukomm sinn an net mat Kritik un der CSV-DP-Regierung gespuert hunn.

Déi géif, sou d’Djuna Bernard, kuerzfristeg Interessen iwwert déi laangfristeg stellen. Fir de Meris Sehovic géif d’Ëmweltpolitik zum Beispill am Landwirtschafts- an am Statsministère gemaach ginn an et wier vum Minister Serge Wilmes näischt ze gesinn an ze héieren.

D’Caritas-Affär duerft natierlech net feelen. Eng Affär, an där d’Regierung Onsécherheet schafe géif, esou d’Djuna Bernard. 

“D’Affär Caritas verdäitlecht vläicht am beschten d’Wäerter an d’politesch Method vun dëser Frieden/Bettel-Regierung. Den Androck drängt sech op, dass fir dës Regierung d’Mënschen haaptsächlech als Produktivitéitsfacteur ugesi ginn.”

D’Regierung géif hei e Manktem un Empathie weisen an datt eng kritesch Zivilgesellschaft fir si en Accessoire wier.

D’Stëmm vun der Nohaltegkeet, vum Klimaschutz, vun eiser Natur

Déi gréng hu sech awer och mat hirer Néierlag vun zejoert befaasst. Wat ass virum Hannergrond vu Schwaarz-Blo de Gréngen hir Roll? De Meris Sehovic huet éischt Resultater aus dem internen Analysprozess vun der Walnéierlag virgestallt.

“Déi gréng, dat ass och weiderhin d’Stëmm vun der Nohaltegkeet, vum Klimaschutz, vun eiser Natur. Gläichzäiteg wëlle mir verstäerkt d’Lutte géint Aarmut a fir sozial Gerechtegkeet an de Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht stellen.”

Donieft hätten déi gréng, déi weider d’Zukunftspartei wieren, d’Zil, fir sech nees méi um Terrain ze verwuerzelen.

An den Ae vum Sam Tanson géif ee Politik maache fir Leit, déi net wëlle stoe bleiwen, an eng Politik net just am “elo”.

"E Platzverweis fir déi, déi net an d’Landschaft passen, well dat méi einfach ass, wéi de Problem un der Wuerzel unzegoen. Keen Cent fir eng systemrelevant ONG, well se Sue geklaut krut, mä Rettungspäck fir systemrelevant Banken, déi Sue verspillt hunn.

D’Presidentin vum Chambergrupp huet doriwwer eraus gemengt, datt d’CSV/DP-Regierung bei Friemen nëmmen op hir ekonomesch Leeschtung fir d’Land kucke géif. E rout Duch fir déi gréng ass iwwerdeems d’ADR, dat ënner anerem wéinst där hirem “permanenten un-de-Pranger-stelle” vu Leit mat anere Meenungen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik