Wéi e roude Fuedem huet sech d‘Theema kënschtlech Intelligenz duerch d‘Ried vun der Budgetsrapporterin Corinne Cahen gezunn: KI wier déi grouss Entwécklung fir déi nächst Joren a géif vu Medezin iwwer Medie bis zur Educatioun ganz vill Beräicher beréieren. Lëtzebuerg hätt also all Interêt hei z‘investéieren an seng Nischen z‘entdecken.
"Lëtzebuerg war ëmmer da gutt a staark, wa mer op d'Qualitéit gesat hunn an net op d'Quantitéit. D'Nischen hunn nach ëmmer zum Erfollegsmodell vu Lëtzebuerg gehéiert. Déi kënschtlech Intelligenz ass eng Erausfuerderung fir d'Regierung, mee si ass och eng Opportunitéit fir ons, fir ons alleguer a fir d'Land."
Lëtzebuerg dierft dësen Zuch net verpassen an d’Regierung hätt schonn eng Rei vun Investitioune realiséiert fir d’Digitalisatioun virun ze dreiwen. Dozou géif awer och d’Schafe vun engem attraktiven Ëmfeld fir Talenter gehéieren, notamment wat de Logement ugeet. Och hei géif d’Regierung massiv investéieren, mee et misst een d‘Efforten intensivéieren.
Stabill ëffentlech Finanze wichteg fir Lëtzebuerg
D‘DP-Deputéiert ass awer och op déi eigentlech Budgetszuelen agaangen, positiv wier virun allem, datt d‘Recettë beim Zentralstaat mat engem plus vun 5,2 Prozent méi staark géife wuesse wéi d‘Depensë mat engem Plus vu 4,5 Prozent. Déi allgemeng finanziell Situatioun wier komfortabel. Stabil ëffentlech Finanze wiere fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg awer och essentiel.
Fir eng kleng Ekonomie wier och wichteg fir eng gewëss marge de manoeuvre de halen, sou d‘Corinne Cahen, fir datt een och op zukünfteg Schocken a Krise kéint reagéieren.
"A parallel dozou geet et drëms onsen Triple-A ze halen. Et ginn ëmmer manner Länner, déi dës héich notation de crédit virweise kënnen. Den Triple-A heescht fir Lëtzebuerg d'Prêten zu méi déiwen Tauxe kënnen ze maachen an en heescht, datt mer attraktiv sinn, fir nei Investisseuren unzezéien."
Kafkraaft vun der Populatioun stäerken
Et misst een dofir oppassen dat d’Scholdelaascht an domadder verbonnen d’Zënslaascht net op déi zukünfteg Finanzen dréckt. Déi aktuell stabil Finanzsituatioun misst dofir genotzt ginn d‘Kafkraaft vun de Leit ze stäerken, wat zum Beispill duerch d’Upasse vun der Steiertabell geschitt. D’Rapportrice huet dës Iwwerleeungen der Regierung an enger Rei vu Recommandatioune mat op de Wee ginn.
No der Interventioun vum Finanzminister Gilles Roth de Mëttwoch de Moien ass et dann den Optakt vun de Budgetsdebatten.