Radioen

On air

Tockcity  |  22º Halo - Bird Sanctuary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bob Steichen: D'Leit musse kloer erkläert kréien, wat d'Nordstadfusioun bedeit

Ettelbréck an d'Nordstad

Bob Steichen: D'Leit musse kloer erkläert kréien, wat d'Nordstadfusioun bedeit

Den Ettelbrécker LSAP-Buergermeeschter Bob Steichen ass nach ëmmer ganz positiv par rapport zur Nordstadfusioun gestëmmt. Dat trotz dem Fakt, datt déi zwou kleng Partner-Gemengen Ierpeldeng a Bettenduerf fir Onrouen am Dossier suergen.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Et dierft een an deem Fusiounsprozess net séier d‘Flemm kréien, schliisslech wier et nach keng esou grouss Fusioun ginn, wei dës, déi hei geplangt ass, mengt den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen. Par rapport zu den Diskussioune gëschter um Donneschdeg am Ierpeldenger Gemengerot sot de Bob Steichen am 100,7-Interview, datt et ganz legitim wier, datt een esou Froen am Gemengerot diskutéiert. 

Weisen, wat et konkret um Terrain bedeit

D'Fro, déi den Ierpeldenger Gemengeconseiller a Géigner vun der Nordstadfusioun, de Laurent Lacour, de Bierger elo direkt an engem Referendum wollt stelle loossen, war: "Wëllt Dir, datt de Gemengerot weiderhin Nordstad-Fusiounsgespréicher féiert, an als nächste Schrëtt eng Fusiounsabsicht ënnerschreift?"

"Ech mengen, ech perséinlech hunn do eeben eng aner Meenung an deelen déi vum Här Gleis. Ech mengen, dat ass et och nach bis elo hei am Land net ginn, datt eigentlech ee Referendum organiséiert ginn ass. Dat heescht, mir sollen eigentlech elo mol preparéieren, de Leit kloer ze erklären, wat bedeit dat eng Fusioun? Wat bedeit dat wierklech konkret um Terrain?"

De Bob Steichen wier sech bewosst, datt d'Leit nach vill Suergen hätten. Sou fäerte vill Leit beispillsweis, hiert Duerf géing d'Identitéit verléieren. A grad dofir misst een elo vill dru schaffe, fir genau ze erklären, wat d'Fusioun bréngt.  

D'Situatioun zu Ierpeldeng a Bettenduerf

Zu Ierpeldeng soll zu dësem Ament kee Referendum ginn iwwer d’Fro gemaach ginn, ob d'Gemeng weider un den Nordstad Fusiounsgespréicher deelhuele soll oder net. Am Gemengerot gëschter um Donneschdeg hate sech 6 vun 9 Gemengeréit hanner de Buergermeeschter Claude Gleis gestallt, deen der Meenung war, datt een de Referendum wéi geplangt eréischt 2027 soll ofhalen. Dann, wa scho gewosst ass, wat eng Fusioun konkret wäert bedeiten.

Zu Bettenduerf hat de Gemengerot decidéiert, keng Gespréicher méi ze féieren. Do awer goufen Ënnerschrëfte gesammelt, fir esou ee Referendum an d'Weeër ze leeden.