Den CSV-Schäffe Frank Pirotte, deen d‘Gemeng Käerjeng am TICE vertrëtt, war virdrun Direkter bei der privater Busentreprise Sales-Lentz. Do wier et schwéier ze ënnerscheeden, ob hien d’Interesse vu senger Gemeng, oder déi vu sengem fréieren Employeur, vertrëtt, esou déi Lénk.
Si fuerderen, datt déi aner TICE-Gemengen an den Inneministère d‘Kandidatur vum Frank Pirotte ofleenen.