Radioen

On air

Tockcity  |  Bon Enfant - Demande Spéciale

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich Netzkäschten: Méi Präishaussë bei Wäermepompele wéi bei Gasheizung

Zënter dem 1. Januar

Méi héich Netzkäschten: Méi Präishaussë bei Wäermepompele wéi bei Gasheizung

Duerch déi méi héich Netzkäschten vum 1. Januar un, ginn et méi Präishaussë bei de Wäermepompelen, wéi bei de Gasheizungen. Dat geet aus den Explikatiounen ervir, déi den Energieminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP gëtt.

auto_stories

1 min

Gasheizung | © Alex Raths / Bigstock
Gasheizung (Foto: Alex Raths / Bigstock)

En duerchschnëttlechen Haushalt, mat engem Joresverbrauch vun 2.500 Meterkibb Gas misst dëst Joer ongeféier 300 Euro méi bezuele, wéi d‘lescht Joer.

Fir en Eefamilljenhaus mat enger Wäermepompel vun engem Duerchschnëtts-Joresverbrauch vu 7.000 Kilowattstonne Stroum misst een Haushalt – och wéinst der neier Präissituatioun - 400 Euro bis 800 Euro am Joer méi bezuelen, wéi zejoert. Jee nodeems, wéi gutt d‘Haus isoléiert ass.

De Minister weist och drop hin, datt eng Wäermepompel an engem gutt isoléierten Haus, awer nach ëmmer manner Heizkäschte bedeit, wéi eng Gasheizung.