Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schivakanz mat der Schoul: Ass dat nach ubruecht?

Schoul

Schivakanz mat der Schoul: Ass dat nach ubruecht?

De Schistage ass a ville Lycéeën hei am Land eng laang Traditioun: Eemol am Joer fueren d'Schüler:inne mat hire Proffen a Frankräich, Éisträich oder an d'Schwäiz, fir Schi ze fueren oder et ze léieren. Mee wéi ubruecht ass esou ee Schiausfluch, dee jo och net ganz bëlleg ass, an Zäite vun unhalende Präishaussen a Klimakris nach? An wou läit eigentlech de pedagogeschen Hannergrond beim Schifueren? 

auto_stories

4 min

headphones

5 min

E Schiausfluch ass a ville Lycéeën ëmmer nach ganz beléift. | © Adobe Stock play_arrow
E Schiausfluch ass a ville Lycéeën ëmmer nach ganz beléift. (Foto: Adobe Stock)

De Jongelycée um Lampertsbierg geet schonn zënter 1994 op de Schiausfluch. Deemools nach als Schüler dobäi, geet et fir de Sportsproff Kevin Hartert dëst Joer fir déi 19. Kéier mam LGL an déi franséisch Bierger. Hien organiséiert d'Rees fir d’Schüler:inne vun de 5èmes-Klassen.

E pedagogesch wäertvollen Ausfluch?

Pedagogesch wäertvoll wier esou een Ausfluch op alle Fall, mengt de Kevin Hartert.

"Ech soen ëmmer, et ass keng Vakanz, et ass e Schistage. Do ginn et e puer ganz flott pedagogesch Hannergrënn. Dat Éischt ass de sozialen Zesummenhalt. Mir gi mat 120 Schüler dohinner, wat eng enorm Zuel ass. An déi léiere sech ënnerenee kennen. Si léieren awer och, selbstänneg ginn."

Fir vill Schüler wier de Schistage op Laplagne déi éischte Kéier, datt si ouni hir Eltere fortfueren. Et wier eng wichteg Experienz, esou de Kevin Hartert.

"Dat kéint natierlech och elo Laanglaf am Éislek sinn, mee da kann een all Voyage a Fro stellen, deen ee mat de Klasse mécht. Ech mengen, et si ganz vill Klassen, déi och op Budapest, op Wien oder esou fueren oder fléien. Da kann een dat och alles hannerfroen. An ech mengen, et dierft een och net alles hannerfroen am Liewen, well de Surplus, wou d'Kanner herno dovunner wechdroen, deen ass riseg."

Am Stater Kolléisch gi Schüler vun de 6èmes- bis 4èmes-Klassen zesumme Schifueren. D'Nofro géif all Joers méi grouss ginn, esou den zoustännege Sportsproff Christian Joachim.

Déi grouss Fro vun de Suen

Anescht wéi am LGL kënnen hei just 45 Schüler:inne matfueren. Datt Schifuere par rapport zu anere Schoulausflich schonn däitlech méi deier ass, streit de Sportsproff net of.

"Schifueren ass ëmmer een deiere Spaass gewiescht, war et ëmmer, ass et a wäert et ëmmer bleiwen."

Eng Woch Schifueren am Athénée kascht 660 Euro, am LGL kascht eng Woch 670 Euro. Heiansdo wéilte Schüler net matgoen op de Schiausfluch, esou den Erwan Nonet, President vum Comité des parents am LGL. Aus wéi enger Grënn wier net ëmmer ze erkennen.

Eltere kënne beim SEPAS eng finanziell Hëllef ufroen a bis zu 25 Prozent rembourséiert kréien. Dëst Joer hätte 4 vun den 120 Schüler eng Aide ugefrot, esou de President vum Comité des parents.

"Il y en a qui n'y vont pas pour des raisons financières, parce qu'ils ne veulent pas demander les aides, peut-être. Je pense que c'est vraiment une minorité, parce que les élèves qui ne partent pas sont très, très, très minoritaires. Ils y vont quasiment tous."

Am LGL kënne Schüler:inne sech Schikleeder ausléinen, wa si keng hunn, fir datt si net dat ganz Equipement fir eng Woch uschafe mussen, esou de Sportsproff Kevin Hartert. Am Stater Kolléisch gëtt et dës Optioun net.

Lycée Ermesinde: Dat ka sech eng Schoul net erlaben

A Punkto Klimawandel hu béid Sportsproffen eng Linn vertrueden: Et géif een d'Schüler:innen iwwer déi negativ Effekter vum Schitourismus opklären. Trotzdeem dierft een Ëmweltaspekter net iwwer d'Plus-value fir d'Schüler:inne stellen.

Am Lycée Ermesinde gesäit een dat anescht. Schivakanz wier guer keen Theema bei hinnen am Lycée, esou d'Sous-Direktesch Tammy Muller.

"Et sinn dacks Schüler, déi an eege Regie d'Iddi hunn, eng Rees ze maachen, an déi dann och organiséieren. Awer do war och vu Schülersäit nach ni d'Demande do, fir elo als Klass an eng Schivakanz ze goen."

D'Sous-Direktesch ënnersträicht, datt si et wichteg fënnt, och dat ze liewen, wat een am Cours ënnerriicht. A Schifuere wier ëmwelttechnesch eng Katastroph.

"Also ech fanne wierklech net, datt een dat als Schoul kann erlaben, am Fong geholl."

An dobäi freet d'Sous-Direktesch Tammy Muller sech, wou d'Plus-value wier, Schüler:innen eng Sportaart bäizebréngen, déi keng Zukunft hätt.

Lauschterenplay_arrow