E Mataarbechter vun enger Beroderfirma huet vun aussergewéinleche Schwieregkeete ronderëm de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen geschwat a vun enger schwiereger Kommunikatioun. Dat Ganzt hätt méi Energie kascht wéi normal. De Feeler huet den Zeien op Säite vum Architektebüro gesinn, well d’Gemeng kloer Visioune gehat hätt.
Net op d'Wënsch vun der Gemeng agaang
E weidere Mataarbechter vun där Beroderfirma huet erkläert, d’Gemeng hätt Wënsch gehat, op déi de François Valentiny net agaange wier. Villméi hätt dee sech géint verschidde Saache gewiert. D’Kooperatioun wier méi schwireg gewiescht wéi bei anere Projeten. Dobäi hätt d’Gemeng hir Wënsch kloer argumentéiert, zu engem gewëssene Moment awer keng Loscht méi gehat. Hie selwer, sou dësen Zeien, hätt och am Mee 2022 vum François Valentiny gesot kritt, “hie géif näischt kennen”. Déi Attitüd wier relativ dacks erëmkomm.
Och an den Ae vun de Mataarbechter vum zweeten Architektebüro, deen um Projet matgeschafft huet, wiere Reuniounen tëscht der Gemeng an dem Büro Valentiny alt mol méi haart gewiescht, respektiv méi schwiereg, well Saache festgehale gi wieren, déi du vum François Valentiny anescht ausgefouert gi wieren.
D'Zesummenaarbecht war net esou, wéi erhofft
Fir de President vun der Bautekommissioun, een Ex-Gemengeconseiller aus der Ekipp vun de Schäfferotsmemberen, wier eng aner Schoul, déi mat Hëllef vum Büro Valentiny gebaut gouf, net de gréisste Succès gewiescht. Nawell wier de Büro fir de Campus Baggerweier zeréckbehale ginn, wann och net fir d’Schoul, mee fir d’Sportshal. D’Problemer tëscht der Gemeng an dem Architektebüro wiere mam Projet gewuess, an et hätt him leed gedoen, datt ee mam Büro Valentiny geschafft hätt, well et net sou gelaf wier, wéi geduecht.
Aussoe vum François Valentiny ginn et um 3. Prozessdag
An de Gemengesekretär huet sech drun erënnert, datt d’Zesummenaarbecht ënnert anerem duerch d’Ausso vum François Valentiny, datt de Budget keng Roll géif spillen, erschwéiert gi wier. Duerch Problemer a verschiddene Gebaier, déi ee virdru matenee konzipéiert hat, wier et vläicht zu enger anerer Vue op d’Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng an dem Büro Valentiny komm. Dobäi wier dat Verhältnis fréier kollegial gewiescht.
Haut am Mëttwochmëtte seet dann, um drëtte Prozessdag, ënnert anerem de François Valentiny aus.