Schonn am Virfeld hat d’Wal vun der 48 Joer aler, relativ onbekannter a réischt kierzlecht vereedegt Demokratesch Senateurin Elissa Slotkin als Géigeriednerin vum Donald Trump fir Opreegung gesuergt. Si huet mat schaarfen Téin op d’ Ried vum US-President reagéiert. D’Senateurin huet dem Donald Trump seng Wirtschaftspolitik ferme kritiséiert.
E Kaddo fir d'Milliardärskolleegen
An den USA bräicht een en Taxéierungssystem de fair fir all Mënsch wier an net just fir déi, déi Milliounen Dollar verdéngen, sou d’Elissa Slotkin. De President géif senge Milliardärskolleegen e Kado wëlle maachen. D’ Liewensmëttelkäschten an d’Wunnengspräisser géifen iwwerdeems konstant an d‘Luucht goen an de President hätt bis elo nach keng Propose gemaach, wéi en dëse Problem léise wéilt.
Gefor vun engem Handelskrich
Déi demokratesch Senateurin huet dann och betount, datt dem Donald Trump seng Import Taxe géint Alliéierter vun den USA wéi Kanada der nationaler Wirtschaft extrem schuede wäerten. Déi Taxe géifen en Handelskrich ausléisen an et géif d'Gefor vun enger Rezessioun bestoen.
Zënter Dënschde gi Produiten aus Kanada a Mexiko mat enger Import Tax vu 25 Prozent besteiert. Produiten aus China gi mat enger Taxe vun 20 Prozent besteiert. Produiten aus dësen dréi Länner maache ronn 40 Prozent vun den Importer an d’USA aus. China a Kanada hu scho Géigentaxen ugekënnegt.