Radioen

On air

Notturno  |  Raftside - The Sun Is Not Fake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechten an der Chamber-Spezialkommissioun Caritas dauere méi laang wéi erwaart

No Bedruchsaffär

Aarbechten an der Chamber-Spezialkommissioun Caritas dauere méi laang wéi erwaart

An der Chamber-Spezialkommissioun Caritas sollen d’Aarbechte bis Nationalfeierdag ofgeschloss sinn, mat zum Schluss enger Debatt an der Chamber. Bis elo war geplangt, datt dës Aarbechte bis den 10. Abrëll hätte solle fäerdeg sinn.

auto_stories

2 min

© radio 100,7
(Foto: radio 100,7)

D’Verlängerung vun den Aarbechten ëm gutt zwee Méint gouf an der Sitzung vun de Moie prinzipiell decidéiert. Et hätt ee sech drop gëeenegt an d‘Verlängerung ze goen, well een nach weider Acteure wéilt gesinn, sou d’Rapportrice an LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding zu dëser Entscheedung.

Lauschterenplay_arrow

"Mir hunn als LSAP nach eng Lëscht era ginn, wou et eis wichteg erschéngt, nach Leit eeben ze invitéieren, wéi zum Beispill, déi virdrun an der Direktioun vun der Caritas täteg waren, respektiv och Leit, déi virdrun am Verwaltungsrot täteg waren, wou mer héieren hunn, datt déi just éier de Skandal opgeflunn ass, demissionéiert hätten."

D'Taina Bofferding weist sech zefridden, datt d‘Banken an d‘Reviseuren an d‘Kommissioun invitéiert gi sinn.

Wéi grouss gesäit de President vun der Spezialkommissioun Caritas, den CSV-Deputéierte Charel Weiler d’Chancen, datt d’Vertrieder vun de béide betraffene Banken der Kommissioun Ried an Äntwerte wäerte stoen?

Lauschterenplay_arrow

"Dat ass un hinnen ze decidéieren. Mir hu lo mol d’Decisioun geholl, fir se unzeschreiwen. An dann ass et hire Choix, ob se kommen oder net."

Marie-Josée Jacobs a Marc Crochet ginn eenzel geruff

De fréieren Direkter vun der Fondatioun Caritas Marc Crochet an déi fréier Presidentin Marie-Josée Jacobs sollen eenzel an d’Spezialkommissioun geruff ginn, esou den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum. Zum Ofschloss sollen och nach eng Kéier déi zoustänneg Ministeren an d’Kommissioun invitéiert ginn, fir de Volet vun der politescher Verantwortung ze diskutéieren.

Fir oppe Froen an der Caritas-Bedruchsaffär ze klären, hat d’Chamber am Oktober op Initiativ vun der LSAP eestëmmeg d’Asetze vun enger Spezialkommissioun decidéiert.

De leschte Summer war bekannt ginn, datt bei der kathoulescher ONG Caritas iwwer 60 Milliounen Euro detournéiert gi waren.