D'Generaldirectrice vun der Spuerkeess versteet, datt sech vill Froe gestallt ginn, iwwer d'Roll vun de Banke BGL BNP Paribas a Spuerkeess an der Affär Caritas. D'Spuerkeess géif och ganz dacks dorop ugeschwat ginn.
Vertraue soll retabléiert ginn
Iwwer Detailer vun deem Dossier kéint d'Spuerkeess awer net schwätzen, esou d'Françoise Thoma.
"Well do all Client eeben d'Confidentialitéit vu senger Bankrelatioun garantéiert huet."
Donieft wieren nach eng Rei Analysen an Enquêten amgaangen.
"Mir verstinn awer ganz gutt, dass do eng ganz Rei vu Froe sech stellen, a mir denken och, datt le moment venu do ka méi Kloerheet kann erabruecht ginn."
Vum éischten Dag un hätt d’Spuerkeess d'Affär intern opgeschafft. Esou een Incident géif "een net kal" loossen.
"Dat wat eis wierklech am meeschten hei Leed deet, dat ass am Fong déi ganz Perte de confiance an dee ganze System, déi vill Leit, déi sech do éierenamtlech engagéieren, déi vill Leit, déi Donateure sinn, déi een Don en confiance am Fong wëlle maachen."
Et wier "immens wichteg", datt dësen Dossier komplett opgeschafft gëtt, fir datt d'Vertraue voll kéint retabléiert ginn.
D'Spuerkeess hofft op ee séiert Enn vun der Affär
D'Spuerkeess géif elo drop waarden, datt d'Iwwerwaachungskommissioun CSSF hire Rapport iwwer d'Roll vun de Banken an der Affär Caritas virleet.
D'Spuerkeess géif "all Pisten exploréieren, déi ee méiglechst schnellt Enn vun deem Dossier géingen erméiglechen".
Gemeinsame Bancomate-Reseau vun de Banken
Dëse "ganz wichtege Projet fir Lëtzebuerg" vu sechs Banke soll Enn vun dësem Joer oder Ufank vum nächste Joer lues a lues operationell ginn, huet d'Françoise Thoma am 100,7-Interview ugekënnegt.
“Do wäert et eng Iwwergangsphas ginn, wou Dir nach de Bankomat vun Ärer Bank erkennt. An duerno wäerten déi Bancomaten net als déi vun där eng oder där anerer Bank méi ze erkenne sinn.”
Et géif dorëm goen, den Territoire vum Land flächendeckend besser mat Geldautomaten ofzedecken. D'Leit sollen op enger selwechter Distanz ëmmer ee Bancomat fannen.
An der Iwwergangsphas géif all Bank hire Fraisesystem bäibehalen, huet d'Françoise Thoma erkläert. Duerno wier all Bank fräi, deen Tarifsystem ze applizéieren, dee si wéilt.
“Am Prinzip ass dat esou, datt eng ganz Rei vu Retraite wäerte gratis sinn, an datt ee vläicht ab deem, ech weess net wéi villte Retrait eppes muss bezuelen.”
D'Françoise Thoma ass zënter gläich néng Joer Generaldirectrice vun der Spuerkeess.