Radioen

On air

Fiasko Fest  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Doudeger no Schéisserei zu Bréissel

2 Leit schwiewen a Liewensgefor

Zwee Doudeger no Schéisserei zu Bréissel

Bei enger Schéisserei am Quartier vun der Gare du Midi sinn hënt zu Bréissel tëscht 1 an 2 Auer zwou Persounen ëm d‘Liewe komm. Dat mellt déi belsch Police. 3 weider Leit goufe blesséiert an zwee vun hinne sinn a Liewensgefor.

auto_stories

1 min

Police Belsch Nuecht

Den Auteur vun der Schéisserei konnt flüchten. D‘AFP schreift, datt dëse Quartier vun den Autoritéiten als "Hot Spot" vum Drogentrafic ugesi gëtt. Bis elo wollt d‘Police awer nach kee Lien tëschent dëser Dot an där Problematik maachen.