Radioen

On air

9 bis 1  |  Franz Liszt - Sonat fir Piano a Si Mineur, S. 178, II. Andante sostenuto - Josep Colom

play_arrow Live
search

/ Zu Lëtzebuerg wéinst versichtem Doutschlag verurteelt: Mann a Portugal festgeholl

“Exemplaresch Zesummenaarbecht” mat Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg wéinst versichtem Doutschlag verurteelt: Mann a Portugal festgeholl

Duerch eng “exemplaresch Zesummenaarbecht” tëscht portugiseschen a lëtzebuergesche Poliziste konnt Enn Januar schonn no bei Lissabon e Mann festgeholl ginn, deen hei am Land wéinst versichtem Doutschlag verurteelt gi war.

auto_stories

1 min

Den 42 Joer ale Portugis wier an engem geféierleche Quartier vun der portugisescher Haaptstad gepëtzt ginn, heescht et an engem Communiqué vun der Lëtzebuerger Justiz.

Am Abrëll 2016 war de Mann um Stater Geriicht an Ofwiesenheet zu enger Prisongsstrof vun zéng Joer condamnéiert ginn. D’Faiten, zu deenen et am Minett komm war, goungen op den November 2013 zeréck. De Rescht vu senger Prisongsstrof soll de Mann a Portugal ofsëtzen.