Zënter 2010 goufen ëmmer manner sougenannt "Mammerenten" ausbezuelt. Dat geet aus der Äntwert vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der LSAP ervir.
Entscheedung aus dem Joer 2010 huet wuel e groussen Afloss gehat
D‘Rent gouf 2002 als "forfait education" agefouert, fir Persounen, déi net schaffe gaange sinn, fir sech doheem ëm d‘Kanner ze këmmeren.
Am Joer 2010 gouf de Mindestalter dofir awer per Gesetz ëm 5 Joer no hanne geréckelt op elo 65 Joer. Zënterdeem ass d‘Zuel un ausbezuele Mammerente kontinuéierlech erofgaangen.
Käschtepunkt vun 42 Milliounen Euro
D‘lescht Joer kruten nach ronn 21.000 Leit dës Rent. De Montant läit zënter 20 Joer bei ronn 86 Euro pro Mount a pro Kand.
De Käschtepunkt loung am Ufank vun der Aféierung bei bal 83 Milliounen Euro. D‘lescht Joer waren et 42 Milliounen Euro – also bal d‘Hallschent manner.
An och fir déi nächst Joer geet den nationale Solidaritéitsfong dovun aus, datt de Budget weider erofgeet.