arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infirmiersgesetz ugeholl: Ministerin schwätzt vun enger éischter Etapp

Santé

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Infirmiersgesetz ugeholl: Ministerin schwätzt vun enger éischter Etapp

D'Chamber huet d'Gesetz zur Revaloriséierung vum Beruff vun den Infirmieren ugeholl. D'Oppositioun kritiséiert, datt zentral Fuerderunge vun der ANIL net berücksichtegt goufen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

D’Oppositiounsparteien an der Chamber hunn d’Gesetz iwwer d’Revaloriséierung vum Infirmiersberuff gëschter schaarf kritiséiert. D’Haaptrevendicatioune vun der Associatioun vun den Infirmieren (ANIL) wieren net domat ëmgesat ginn. D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ënnerstrach, datt dëst nëmmen eng Etapp wier.

Chamber stëmmt Infirmiersgesetz

D’Gesetz, dat gëschter mat 49 Jo-Stëmmen, 5 Nee-Stëmmen a 6 Abstentiounen ugeholl gouf, huet misste virun Enn August gestëmmt ginn, fir konform ze sinn zu den Engagementer vis à vis vun der EU-Kommissioun.

De Grand-Duché hat sech dozou engagéiert d’Kompetenzen an d’Responsabilitéite vun de Gesondheetsberuffer nei ze definéieren. Dat gouf an der Suite vun der Covid-19-Pandemie am Kader vum europäesche Mechanismus fir d’Relance festgeluecht. Et geet dobäi ëm 241 Milliounen Euro un net zeréckbezuelbaren europäesche Gelder.

Oppositioun: "Chance verpasst"

D’Gesetz soll d’Rechter, d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vum Infirmier méi kloer definéieren an de Beruff revaloriséieren. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo gesäit awer keng fundamental Reform.

“Alleguerte kritiséiere se, datt hei d'Chance verpasst gouf, fir eng richteg Reform ze maachen an de Beruff vum Infirmier an den Infirmièren tatsächlech ze revaloriséieren, andeems hir Attributioune kloer definéiert an ausgeweit géife ginn.”

Fir déi gréng Deputéiert Djuna Bernard feelen Detailer zu deenen Akten, déi een Infirmier kann autonom decidéieren.

“Dobäi ass grad dës Entscheedungsverantwortung déi, déi néideg ass, wa mir d'Penurie un Dokteren an de Virage ambulatoire consideréieren an d'Erausfuerderunge fir e méi resiliente Gesondheetsmodell eescht huelen.”

Et hätt ee missten zesumme mat der ANIL iwwer deen Text diskutéieren, huet och d’Alexandra Schoos vun der ADR kritiséiert.

Ministesch: Nëmmen eng éischt Etapp

Mat deem Gesetz géif just eng éischt Etapp erreecht ginn. Am Hierscht géif am Detail mat all den Acteuren doriwwer diskutéiert ginn, huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez widderholl.

“A mir wäerten dës Punkten net op déi laang Bänk drécken. D'Aarbechte gi virun: De Ministère féiert de Prozess, zesumme mat den Infimièren an den Infirmieren, dem Corps médical, den Apdikter an alle concernéierte Partner. Am Hierscht wäerten d'Aarbechter ronderëm d'Attributioune vum Aide soignant ofgeschloss sinn, do gëtt dann déi entspriechend Annexe vun dësem Gesetz erëm ersat.”

D’Martine Deprez huet iwwerdeems proposéiert, datt een d’Akten an de Beruff vum Infirmier misst all 5 Joer ënner d’Lupp huelen an adaptéieren.

play_arrow Lauschteren