arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zerstéierung vun de Bëscher klëmmt weider

Natur

|
headphones

1 min

Zerstéierung vun de Bëscher klëmmt weider

D‘Zerstéierung vun de Bëscher op der Äerd ass zejoert weider geklommen. Dat weist deen neien internationale Rapport iwwert den Zoustand vun de Bëscher. 

headphones

1 min

Deemno wieren zejoert 8,3 Milliounen Hektar Bësch verschwonnen, dat entsprécht eng Fläch, déi méi grouss ass wéi Schottland. 

De Rapport hält fest: Trotz dem Verspriechen op der Klimakonferenz 2021, fir d‘Zerstéierung vun de Bëscher bis 2030 ze stoppen, wier keng wierklech Ännerung am Bësch-Zerstéierungs-Trend ze erkennen.