arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gletscher an der Schwäiz verléieren ee Véirels u Volume

An de leschten 10 Joer

|
headphones

1 min

Gletscher an der Schwäiz verléieren ee Véirels u Volume

Duerch de Klimawandel hunn d’Gletscher an der Schwäiz bannent 10 Joer schonn ee Véirels vun hirem Volume verluer. Dat geet aus enger neier Etude vu Glamos ervir, dem Date-Reseau iwwer d’Schwäizer Gletscher.

headphones

1 min

Glacier In The Swiss Alps In Retreat With Breakage | © picture alliance / CHROMORANGE | Michelangelo Oprandi
Glacier In The Swiss Alps In Retreat With Breakage (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michelangelo Oprandi)

Hiert Schmëlze géif weider acceleréieren, dëst Joer wier de Volume vun de Gletscher an der Schwäiz wéinst de waarmen Temperature vu Juni bis August nach emol ëm 3 Prozent zeréck gaangen. Dat wier dee bis elo véiert gréisste Réckgang, no de Joren 2003, 2022 a 2023.