arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mexiko, Guatemala a Belize wëlle 6 Milliounen Hektar Reebësch schützen

"Maya-Reebësch"

|
headphones

1 min

Mexiko, Guatemala a Belize wëlle 6 Milliounen Hektar Reebësch schützen

Déi dräi Länner - Mexiko, Guatemala a Belize - wëllen zesummen de sougenannte Maya-Reebësch schützen. Déi dräi mëttelamerikanesch Länner hunn no engem Treffen annoncéiert, datt si ee gemeinsaamt Naturschutzgebitt schafe wéilten, fir de Maya-Reebësch ze schützen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Dat Naturschutzgebitt soll eng Fläch vu 6 Milliounen Hektar ëmfaassen: Vum Dschungel a Süd-Mexiko bis an de Norde vun den zwee Nopeschlänner. Déi mexikanesch President Sheinbaum huet vun engem historescher Decisioun geschwat. Doduerch géif dat zweetgréisst Naturschutzgebitt a Latäinamerika nom Amazonas-Reebësch entstoen.