Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zéng Joer nom Äerdrutsch um Monnerecher Crassier

Monnerech

Zéng Joer nom Äerdrutsch um Monnerecher Crassier

Viru genee zéng Joer ass de Crassier vu Monnerech erofgerëtscht. Zanterhier goufe Pläng ausgeschafft fir de Site ze stabiliséieren a fir weider Äerdrutscher ze evitéieren, huet de Monnerecher Buergermeeschter erkläert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Deemools goufen d’Strooss laanscht dem Crassier zerstéiert a sämtlech Leitungen och. Den Experten no huet de ville Reen iwwer de Wanter d’Struktur destabiliséiert. Fir esou Situatiounen ze evitéieren, gëtt d’Sickerwaasser drainéiert, an et gëtt och vum Site profitéiert, fir eng gréisser Photovoltaikanlag opzeriichten.

Eng Rei Moossname goufe geholl

Op deem Deel vum Crassier, wou et zum Äerdrutsch koum, gi permanent Miessunge gemaach, fir sécher ze sinn, datt de Buedem sech net beweegt. Um Site selwer gouf de Buedem och mat enger Maschinn kompaktéiert, fir datt e manner Waasser ophëlt, an de Crassier gëtt och iwwerdeckt mat enger Folie, wou Leembuedem doriwwer opgedroe gëtt a Buedem.

Reewaasser kann da besser drainéiert ginn, erkläert de Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass.

"Et ass eng Tiefendrainage geluecht ginn, ronderëm dëse Crassier, op enger Längt vun 1.400 Meter, fir u sech ze verhënneren, datt d'Waasser, d'Grondwaasser, kann an déi Äerdschichten erakommen, déi u sech onstabil gi sinn, duerch d'Belaaschtung, déi vun uewen erofgedréckt huet."

Dat wier déi wichtegst Moossnam gewiescht, esou nach de Jeannot Fürpass. Duerno ass am November 2020 nees ugefaange gi mat Tippen op dësem Crassier, fir dat Ganzt dann och ofzesécheren, fir de Wénkel vum Crassier ofzeflaachen.

Eng nei Photovoltaikanlag

Fir ze verhënneren, datt d’Kiemelbaach duerch d’Sickerwaasser verknascht gëtt, gouf Technik vun de Lagunen agesat. Dat si Bassengen, wou d’Sedimenter aus dem Waasser sech kënne setzen. D’Resultat vun den Analysen huet erginn, datt doduerch de PH-Wäert normaliséiert gëtt, an d’Konzentratioun un Nitriten drastesch erofgeet.

De Käschtepunkt vun deem Assainissementplang läit bei 18 Milliounen Euro, Stand 2019. Um Site soll dann awer och eng Photovoltaikanlag entstoen, preziséiert de Jeannot Fürpass.

"Mir kréien hei op engem Terrain vu ronn 6,5 Hektar eng Leeschtung vu 6,3 Megawatt-Pic. Dat mécht iwwer d'Joer gesi bei 1.000 oder 900 Sonnestonnen, déi mir an der Moyenne hei an dëse Regiounen hunn, sechs Gigawatt-Stonnen,déi an de Reseau kënnen agespeist ginn, a wann ech dat an absolutten Terme kucken, geet dat duer fir de Stroumbedarf vun 1.850 Véier-Persounen-Haushalter ze decken."

Donieft huet d'Gemeng Monnerech nach eng Wandmillenanlag. Zesumme mat där heiten Anlag hätt een eng Stroumproduktioun, déi géif duergoe fir 1.850 Stéit ze beliwweren. 

Lauschterenplay_arrow