Et war eng ausseruerdentlech Saison vun der 21-Joer aler Marie Schreiber. Eng Victoire bei der World-Cup-Course zu Hulst an Holland an de Lëtzebuerger Championstitel hunn dat ënnerstrach. Gutt Viraussetzungen also, fir bei der WM e Sonnden e gutt Resultat erauszefueren.
Marie Schreiber trotz Chute zouversiichtlech
Mee e Freide virun enger Woch war d’ Marie Schreiber beim Training gefall an hat sech un der lénker Hand, dem Réck an de Rëppe blesséiert. No enger weiderer Chute huet si misse Sonndes d’Course zu Hoogerheide an Holland opginn.
Trotz Péng ass si zouversiichtlech dass et e Sonnden awer goe misst:
“Jo, et sinn nach e puer Deeg bis e Sonnden. Ech mengen, ech hunn nach gutt Zäit fir ze recuperéieren an och mat e bësse Péng kann ee gutt Course fueren.”
Parcours kënnt franséische Coureure geleeën
D’Streck e Sonndeg ass fir d’Lëtzebuerger Championne allerdéngs Neiland. E Parcours, dee virun allem de franséische Coureuren dierft geleeë kommen, mengt de Nationaltrainer Jempy Drucker. Erwaardunge fir e Sonnden a Nordfrankräich wiere schwéier ze definéiere fënnt d’Marie Schreiber:
"Et ass schwéier soen, well ech vun der Streck hier guer net weess, wat genau op mech zoukënnt, mee voilà, ech weess, d'Form stëmmt, dat heescht, wann ech eng gutt Course wëll, mäi Bescht ginn, misst eng gutt Placéierung dra sinn."
Neien Trikot ganz a rout
D’Marie Schreiber, déi nieft hirer Victoire zu Hulst och zweemol bei enger Weltcup-Course op de Podium fuere konnt, hält awer net vill dovun sech e konkret Zil fir de Sonnden ze setzen.
"Mir geet einfach drëm, fir déi perfekt Course ze fueren a fir gutt ze fueren an da kucke mer, wat derbäi erausspréngt."
Déi zwee Juniore Jonah Flammang-Lies a Lennox Papi wäerten e Sonnden am fréie Mëtten, virun der Marie Schreiber un den Depart goen. Fir d’éischte Kéier zënter enger Rei Jore wäerten d’Fuerer:inne vum FSCL dann och nees a rouden Trikote fueren. Déi goufen en Dënschdeg virgestallt. Gutt ze erkenne wäerten d’ Lëtzebuerger Coureuren dann op jiddwer Fall sinn.