Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: NATO wëll d‘Ukrain dauerhaft ënnerstëtzen

No NATO-Treffen

Yuriko Backes: NATO wëll d‘Ukrain dauerhaft ënnerstëtzen

D‘Yuriko Backes schwätzt vun engem klore Message vis a vis vu Russland. Dat nodeems d‘NATO Verdeedegungsminister:inne sech gëschter zu Bréissel iwwer méi Hëllef fir d‘Ukrain eens goufen. D'NATO léisst d‘Ukrain net falen, esou d`Verdeedegungsministesch am 100,7 Interview.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D`NATO hätt wëlles d'Ukrain dauerhaft weider ze ënnerstëtze, datt si sech selwer kéint verdeedegen, esou d`Yuriko Backes weider. Dofir hätten d‘Verdeedegungsminister- a Ministerinnen decidéiert, datt d'NATO eng gréisser Roll fir d'Koordinatioun wäert iwwerhuele wat d'Equipementer an den Training vun ukraineschen Zaldoten ugeet.

D`Verdeedegungsministesch weist sech zefridde mat der Decisioun. Och iwwer déi positiv Entwécklung déi den amerikaneschhen Defenseminister annoncéiert huet. Viru puer Méint hätt dat nach méi pessimistesch geklongen.

„Ech wäert och den MoU ënnerschreiwe fir déi tschechesch Initiativ fir weider och d'Ukrain mat Munitioun kënnen ze ënnerstëtzen, do contribuéiert Lëtzebuerg mat 2 Milliounen.”

Yuriko Backesplay_arrow

En vue vum Nato-Sommet am Juli wier och den ukrainesche Bäitrëtt an d‘NATO diskutéiert ginn, erkläert d`Yuriko Backes. Dat wier elo net akut: Wéinst der Krichssituatioun wieren d'Konditiounen nach net erfëllt, mee e Bäitrëtt wier am Fong irreversibel.