Den Ausseminister huet ënnert anerem a Gespréicher mat sengem palestinenseschen Homolog Riad al Maliki iwwert déi humanitär Situatioun diskutéiert. De Xavier Bettel huet d’Wichtegkeet vun enger Waffepaus ënnerstrach, och de Friddensprozess misst relancéiert ginn.
Weider war et den Opruff un den Hamas, déi israeelesch Geiselen ze befreien.