Radioen

On air

Trendscheif  |  Shellac - Chick New Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Israel muss Uerteel vum Internationale Geriichtshaff unerkennen

EU-AUSSEMINISTEREN ZU BREISSEL

Xavier Bettel: Israel muss Uerteel vum Internationale Geriichtshaff unerkennen

​​​​​​​D’Uerteeler vum Internationale Geriichtshaff misste fir all Land gëllen, sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat. Wa sech net dru gehale gëtt, missten och Konsequenze gezu ginn. D’EU misst hei op ee Konsens hi schaffen, seet de Xavier Bettel um Bord vun enger Reunioun vun den EU-Ausseministeren.

auto_stories

2 min

Foto: EU

 Israel misst d’Urteel vum Internationale Geriichtshaff unerkennen, d’Offensiv an der Géigend vu Rafah ze stoppen. Dat sot de Lëtzebuerger Chefdiplomat Xavier Bettel de Moien um Bord vun enger Reunioun vun den EU-Ausseministeren zu Bréissel. D’Europäesch Unioun misst dozou eng eenheetlech Positioun anhuelen. 

„Wann ech eleng géif d'Decisioun huelen, wier ech der Meenung, datt een haut misst Israel soen, datt den ICJ ‚mesures conservatoiren‘ decidéiert huet. Dat muss ee respektéieren, dat kann een net ofhängeg dovu sinn, wéi e Land da Restriktioune kritt. A wann dat net respektéiert gëtt, do mussen, no enger gewëssener Zäit, Konsequenzen doraus gezu ginn.“

Onkloer, wéi eng Konsequenze kéinte gezu ginn

Doriwwer, wéi eng Konsequenzen dat senger Meenung no kéinte sinn, wollt de Xavier Bettel keng Detailer ginn. Dat effikasst wier et sécher, keng Waffe méi ze liwweren, dat awer géif Lëtzebuerg net concernéieren, sou den DP-Politiker.

Wichteg wier et, sech op EU-Niveau eens ze ginn. Eng Méiglechkeet wier et, Israel een Ultimatum ze stellen, bis wéini d’Land dat Uerteel misst unerkennen.

E Freideg hat den Internationale Geriichtshaff ordonéiert, Israel misst mat senger Offensiv an der Géigend vu Rafah am Süde vun der Gazasträif an all aner Aktiounen ophalen, déi zu enger Verschlechterung vun der Situatioun vun der Zivilpopulatioun zu Rafah féieren.

Israel hat virun deem Urteel drop higewisen, datt d’Hamas virufiert mat Rakéite vun Rafah aus op israeelesch Gebidder ze schéissen. E Sonndeg goufen der israeelescher Arméi no aacht Rakéiten op d’Staat Tel Aviv geschoss. Et war déi éischte Kéier zënter Enn Januar, datt déi Stat vun der Hamas attackéiert gouf.

D’Hamas géif doduerch weider Grënn fir Israel liwweren, mat der Offensiv virunzefueren, sot dozou den Lëtzebuerger Ausseminister. D’Hamas géif Victimmen op palestinensescher Säit provozéieren.

Unerkenne vu Palästina: “Symbolpolitik”

Spuenien, Irland an Norwegen hu Wëlles en Dënschdeg Palästina als onofhängege Staat unerkennen, sou d’Annonce déi lescht Woch. Dem Xavier Bettel seng Positioun dozou ass dowéinst keng aner ewéi déi, déi hie virun zwou Wochen an der Chamber vertrueden huet.

Esou ee Schrëtt vun eenzele Länner wier Symbolpolitik a géif “guer näischt änneren”, sou de fréiere Lëtzebuerger Premier. Méi wichteg wier et, op méi ee breede Konsens en vue vum Unerkennung vun engem Zwee-Staate-Prinzip hin ze schaffen. Dofir géif hie sech perséinlech engagéieren.