Och wann een d’Inflatioun erausrechent gouf et iwwer déi lescht 50 Joer eng däitlech Hausse vun de Wunnengspräisser: Ouni d’Inflatioun sinn d’Präisser néng Mol méi héich ewéi nach an de 70er. Dat entsprécht engem järleche Wuesstem vu bal aacht Prozent.
Een Héichpunkt am Joer 2020
D’Präisser sinn net riichtduerch geklomme, mee a véier Wellen, sou den Observatoire de l’Habitat am Rapport. Déi rezentste Well vun 2010 bis 2022 hat hiren Héichpunkt 2020, wou d’Präisser ëm 16 Prozent am Verglach vum Virjoer geklomme sinn.
D’Präisser wieren sou staark geklomme, well d’Zënsen no der Finanzkris historesch niddereg waren a mam Bevëlkerungswuesstem méi Leit eng Wunneng gebraucht hunn.
Fir déi staark Präishausse déi lescht fënnef Joer gesäit den Observatoire awer och privat an institutionell Investisseuren als potentiell Präisdreiwer.
Eng gutt Wirtschaft deet d'Präisser klammen
Eng éischt Well gëtt tëscht 1975 an 1980 identifizéiert. A just fënnef Joer hunn d’Wunnengspräisser sech deemools verduebelt. Ee Joerzéngt méi spéit huet sech dat Phänomen widderholl. Déi drëtt Präiscroissance gëtt vum Joer 2000 bis zur Finanzkris observéiert.
D’Grënn fir d’Klamme waren ënnerschiddlech. Responsabel an de 70er war d’Ueleg-Kris an d’Opkomme vun der Finanzplaz. Am Rapport gëtt ënnerstrach, datt deemools net de Bevëlkerungswuesstem responsabel war.
Anescht awer an den 80er- an 2000er Joren: d’Präisser si geklomme wéinst enger gutt lafender Wiertschaft a wëll ëmmer méi Leit am Land eng Wunneng gesicht hunn, sou de Rapport vum Observatioire de l’Habitat.