arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolodymyr Selenskyj setzt op illimitéiert Waffepaus

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Wolodymyr Selenskyj setzt op illimitéiert Waffepaus

Am russesche Krich géint d'Ukrain ass hënt eng Waffepaus op ukrainescher Säi a Kraaft getrueden.

reading time

1 min

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / PIC ONE | Christian Ender
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance / PIC ONE | Christian Ender)

D‘Waffepaus wier zäitlech net limitéiert a si géif gëllen, esou laang Russland net ugräift, esou de Büro vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. De Moien hätt et awer schonn nees eng russesch Attack ginn a Kiew géif sech trotz Waffepaus am Recht gesinn, dorop ze reagéieren.

Moskau huet eréischt fir dëse Freideg a Samschdeg eng Waffepaus ugekënnegt, fir un déi sowjettesch Victoire géint Nazi-Däitschland am Zweete Weltkrich ze erënneren.

Nei Gewalt

Um Dënschdeg war d‘Gewalt eskaléiert. Bei russeschen Attacken op e puer ukrainesch Stied koume gëschter Owend op d‘mannst 27 Mënschen ëm d‘Liewen. Bei ukraineschen Dronenattacken op déi vu Russland besaten Hallefinsel Krim goufen et fënnef Doudeger.