Waffepaus op ukrainescher Säit soulaang wéi Russland net attackéiert
Hënt ass eng Waffepaus op ukrainescher Säit a Kraaft getrueden, déi net zäitlech limitéiert ass, esou e Büro vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskij. De Moien hätt et awer nees eng russesch Attack ginn, a Kiew géif sech trotz Waffepaus am Recht gesinn, dorop ze reagéieren.
Moskau huet eréischt fir dëse Freideg a Samschdeg eng Waffepaus ugekënnegt, fir un déi sowjettesch Victoire géint Nazi-Däitschland am Zweete Weltkrich ze erënneren.
Gëschter war d‘Gewalt eskaléiert. Bei russeschen Attacken op e puer ukrainesch Stied sinn op d‘mannst 27 Mënschen ëm d‘Liewe komm. A bei ukraineschen Dronenattacken op déi vu Russland besaten Hallefinsel Krim goufen et fënnef Doudeger.