arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftskris kascht däitscher Industrie 100.000 Aarbechtsplazen

Bannent engem Joer

|
headphones

1 min

Wirtschaftskris kascht däitscher Industrie 100.000 Aarbechtsplazen

D‘Wirtschaftskris huet fir déi däitsch Industrie bannent engem Joer iwwer 100.000 Aarbechtsplaze kascht. Am meeschte betraff war d‘Automobilindustrie, wéi aus enger Analys vun der Firma Ernst & Young elo ervir geet.

headphones

1 min

Illustratioun Industrie | © picture alliance / CFOTO | CFOTO
Illustratioun Industrie (Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO)

Um Enn vum éischte Quartal huet déi däitsch Industrie nach 5,46 Millioune Persoune beschäftegt, heescht et nach an der Etüd, déi sech op Donnéeë vum Statistesche Bundesamt baséiert.

Zënter 2019 wier d‘Zuel u Beschäftegter ëm iwwer 200.000 rofgaangen: E Réckgang vun 3,8 Prozent.