Opgrond vun der Situatioun um Marché, a well eng CO2-reduzéiert Stolproduktioun net rentabel wier, kéint ArcelorMittal net méi weider doran investéieren. De Stolkonzern hätt sollen 1,3 Milliarden Euro vun der Bundesregierung fir dee Projet kréien. D'Bauaarbechten hätte sollen elo am Juni ulafen. Si goufen elo annuléiert.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Wirtschaft an Industrie
|ArcelorMittal stoppt e grousse Projet fir d'Dekarboniséierung vun zwee Wierker an Däitschland
Et gëtt e Réckschlag fir grénge Stol: ArcelorMittal stoppt an Däitschland e wichtege Projet fir d'Dekarboniséierung an de Flaach-Stolwierker zu Bremen an Eisenhüttenstadt. Dat huet de Stolkonzern matgedeelt.
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)