arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Schleisen-Accident: E Samschdeg kéint de Betrib nees provisoresch lafen

Musel

|
headphones

2 min

Nom Schleisen-Accident: E Samschdeg kéint de Betrib nees provisoresch lafen

Nom Schleisen-Accident virgëschter op der Musel am däitsche Sankt Aldegund sinn d'Experten nach amgaangen de Schued ze evaluéieren. Gekläert soll ginn, wéi staark d'Paart beschiedegt ass.

headphones

2 min

Muselschleis zu Sankt Aldegund | © picture alliance/dpa | Thomas Frey
Muselschleis zu Sankt Aldegund (Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey)

Et ass d'Zil - vläicht muer um Samschdeg schonn - eng Méiglechkeet ze schafen, fir datt d'Schleis provisoresch an den Noutbetrib geet.

Schleisen-Infrastruktur soll nohalteg ofgeséchert ginn

De Moment ankere 50 Schëffer op der Plaz a kommen net weider. Et géif awer op kee Fall esou laang dauere wéi ufanks des Joers zu Müden, wou d'Schleis no engem Accident 55 Deeg ausser Betrib war.

D'Wirtschafts- a Verkéiersministerin vu Rheinland-Pfalz, d'Daniela Schmitt, sot gëschter op der Plaz, et wier awer elo wichteg, d'Schleisen-Infrastruktur op der Musel nohalteg ofzesécheren.


"Es ist wichteg, dass wir die Wasserstraassen ertüchtegen, dass wir si zukunftsgerecht ausbauen. Wir haben auf der Mosel bei zehn Schleusen, nur drei, déi Doppelkammréck ausgebaut sinn. Und deswegen will ich an där Stelle auch die Forderung nochmal an die Bundesregierung erneueren. Wir brauchen den Ausbau der Moselschleusen, dass bei solchen Unfällen dann eben déi Schifffahrt nicht komplett eingestellt werden muss, sondern dass man dann auf déi zweite Schleuse auch ausweiche kann."

"Klengen Impakt" op Lëtzebuerg

Et wier de Moment net ofzegesinn, wéi eng Konsequenzen den Accident fir de lokalen Tourismus hätt. D'Wäigéigend ass beléift fir Flosscroisièren.

Den Accident vu gëschter dierft iwwerdeems och ee "klengen direkten Impakt" op de Lëtzebuerger Hafen zu Mäertert hunn, esou d'Aschätzung gëschter am 100,7-Interview vum Direkter vum Grupp Luxport Gilles Braquet.

Ee Passagéierschëff war um Mëttwochmëtteg an d'Paart vun der Schleis zu Sankt Aldegund gerannt. Dobäi waren dräi Mënsche blesséiert ginn an de Schleisebetrib gouf gestoppt.