Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Infraktioune vum Hondsgesetz - Mann zu Geldstrof verurteelt

Justiz

Wéinst Infraktioune vum Hondsgesetz - Mann zu Geldstrof verurteelt

An enger Affär vun ënner anerem Infraktioune vum Hondsgesetz gouf de Moien e Mann um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 1.500 Euro verurteelt. Dobäi hat de Vertrieder vum Parquet eng Prisongsstrof vu 6 Méint, eng Geldstrof an d’Confiscatioun vum Mann sengem American Staffordshire gefrot.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul

Dee sollt am August 2022 an engem Park um Lampertsbierg en aneren Hond ugegraff an deem seng Besëtzerin gebass hunn. Den Ugekloten hätt als Verurteelte sou e Lëschtenhond guer net däerfen hunn, hat de Vertrieder vum Parquet nach gemengt.