Radioen

On air

Notturno  |  Arp - New Pleasures

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsgeriicht weist Recours vu belsch-senegaleseschem Dokter zeréck

Justiz

Verwaltungsgeriicht weist Recours vu belsch-senegaleseschem Dokter zeréck

D’Verwaltungsgeriicht huet de Recours vun engem belsch-senegaleseschen Dokter zréckgewisen, deen Enn 2022 eng kuerz Zäit fir d’Lëtzebuerger Arméi geschafft hat: An där Affär war et ëm dem Medezinner seng Autorisatioun fir z‘exerzéiere gaangen. Am Mäerz 2023 hat d’deemoleg Gesondheetsministesch Paulette Lenert dem Dokter en ageschriwwene Bréif geschéckt. Dora stoung, si wéilt him seng Autorisatioun als Noutfallmedeziner entzéien.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

An dat, well de Medezinner am Februar 2022 an der Belsch vum “Conseil Provincial du Hainaut de l’Ordre des Médecins” fir zwee Joer d’Recht fir ze praktizéieren entzu kritt hat. De Grond dofir war, datt den Dokter op d’mannst 1.878mol e falsche Covid-Certificat ausgestallt hat fir Leit, déi net geimpft waren.

De Collège médical hei am Land hat am Februar 2023 déi selwecht Positioun vertruede wéi d’Ministesch. Déi hat dem Medezinner am Abrëll 2023 dunn effektiv d’autorisation d’exercer entzunn. Am Mee 2023 hat den Dokter um Tribunal administratif e Recours dogéint agereecht. Virun engem knappe Mount war d’Affär an d’Sëtzung komm. Eenzegen Hick: De Medeziner hat an der Tëschenzäit näischt méi vu sech héiere gelooss. Dowéinst war an der Sëtzung d’Fro no der Recevabilitéit vum Recours opgeworf ginn, respektiv déi, ob den Dokter nach en Intérêt fir ze handelen hätt.

Kee Interêt méi u sengem eegenen Dossier

An hirem Uerteel halen d’Riichtere fest, datt dem Medezinner säi Wëllen, fir dat ze verdeedegen, wat hien als eegenen Intressi ugesäit, schéngt verschwonnen ze sinn, an den Interêt fir ze handele géif och net méi existéieren: Dofir wier de Recours zréckzeweisen. Den Dokter hätt net méi de geréngsten Intressi u senger Affär gewisen, obwuel sech d’Verwaltungsgeriicht e puermol bei him gemellt hätt.

Wéi gesot hat de belsch-senegalesche Medezinner Enn 2022 eng kuerz Zäit fir d’Lëtzebuerger Arméi geschafft. Nodeems där hir Responsabel iwwert d’Beschëllegunge géint den Dokter informéiert gi waren, gouf awer decidéiert, net méi op seng Servicer zréckzegräifen.