D’Zuele vun der Ëmweltverwaltung weisen, datt entretemps méi Subside fir d’Isolatioun, Wärmepompelen a Photovoltaik-Anlagen ugefrot ginn. Do sinn dëst Joer bal 1.000 Ufroe gemaach ginn, fir ee Subsid fir eng Wärmepompel ze kréien. Duebel sou vill wéi d’Joer virdrun.
D’Zuele si vum 1. Dezember, een definitive Bilan fir 2023 steet also nach aus. An et ka sinn, datt et um Enn nach däitlech méi Demandë sinn: jee nodeems wéi vill Leit versiche bis den 31. Dezember een Devis fir eng nei Wärmepompel ze ënnerschreiwen. Bis dohinner gëllt den temporäre Klimabonus-Top-Up. Et sief dann CSV an DP entscheeden, fir d’Subsiden och duerno op deem méi héijen Niveau ze halen.
Net genuch fir d'Klimaziler ze erreechen
Méi Leit wéi virdrun hunn also dëst Joer entscheet eng al Heizung duerch eng Wärmepompel ze ersetzen. Par konter ass dat nach ëmmer bäi Wäitem net genuch fir d’Klimaziler ze erreechen: Berechnunge vum Statec no missten all Joer eng 2.000 Gas- a Maoutsheizungen a Wunngebaier ersat ginn.
Tëscht 2030 an 2040 missten et souguer all Joer 6.000 bis 10.000 fossil Heizunge sinn, déi aus dem Bestand verschwannen. Nei Gas- oder Mazoutsheizungen dierfte wéinst hirer laanger Liewensdauer am Prinzip vun 2026 u keng méi installéiert ginn, wa Lëtzebuerg bis 2050 soll klimaneutral sinn.
Positiven Trend och bei Isolatioun a Photovoltaik
Bei der thermescher Isolatioun ass den Trend och positiv, bleift awer bescheiden: bis den 1. Dezember goufen dëst Joer 630 Ufroe fir Subside gemaach. 2020 an 2021 louch dee Chiffer bei ronn 300 respektiv 400 Ufroen.
Photovoltaik huet méi Succès: Do goufen 2023 de provisoreschen Zuelen no iwwer 2.000 Ufroe fir ee Subside gemaach, méi wéi duebel sou vill wéi nach d’Joer virdrun.
Subsiden an der Mobilitéit hu méi Succès
Déi zwee Subsiden, déi de gréisste Succès hunn an de Staat am meeschte kaschten, sinn déi fir Vëloen an Elektroautoen. Hei krut d’Ëmweltverwaltung dëst Joer bis ewell 17.000 Ufroe fir e Subside, manner wéi déi zwee Jore virdrun.
Am Ganzen huet de Staat fir d’Klima-Subsiden an der Mobilitéit – fir (Elektro-) Vëloen, Elektroautoen a Luetstatiounen – zanter 2020 ronn 125 Milliounen Euro ausbezuelt.
Fir d’Isolatioun, Wärmepompelen, Pelletheizungen a Photovoltaik huet de Staat an deem nämmlechten Zäitraum dräi Mol manner, nämlech ronn 40 Milliounen Euro, u Stéit ausbezuelt, déi hiert Doheem méi klimafrëndlech gemaach hunn.
De sougenannten “Top-Up-Social” fir Leit mat geréngem Akommes, bei deem d’Klimabonus-Aidë kënne verduebelt ginn, gouf zënter Ufank leschtem Joer am Ganzen dräi Mol ugefrot, awer nach net ausbezuelt, heescht et op Nofro am Logementsministère.