Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi geet et viru mam Lëtzebuerger Pensiounssystem?

Gesellschaft

Wéi geet et viru mam Lëtzebuerger Pensiounssystem?

An der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun huet de Premier Luc Frieden confirméiert, datt et am Hierscht eng breet Diskussioun iwwer de Lëtzebuerger Pensiounssystem soll ginn. Déi Diskussioun misst och mat all de Concernéierte geféiert ginn, sot och d’Sozialministerin Martine Deprez am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Ënner anerem d’CGFP huet an enger Reaktioun zur Deklaratioun vum Premier virdru gewarnt ze vill Acteuren un deen Dësch ze invitéieren. Dat géif d’Sich no Kompromësser erschwéieren. D‘Sozialministerin insistéiert, datt eng breet Debatt néideg ass.

Et wier net evident ee Format ze fannen, wéi ee mat all de Concernéierten iwwer de Sujet vun de Pensioune kéint diskutéieren. Iwwer de Summer géif dat entscheet ginn, et geet der Sozialministerin drëm all déi Concernéiert ze invitéiere fir iwwer d’Zukunft vum Pensiounssystem ze diskutéieren, esou d‘Martine Deprez.

"Ech mengen, wann ech jonk sinn, hunn ech en Interêt do matzeschwätzen, well ech iergendwann eng Kéier muss fir de System opkommen. Wann ech al sinn, hunn ech Interêt matzeschwätzen, well ech mer vläicht Gedanken doriwwer maachen, datt meng Kanner a meng Enkelen nach kënnen ofgeséchert sinn."

An och Patronen hätten Interêt fir matzeschwätzen, well och si een Deel vun de Pensioune bezuelen. Genee wéi Salariéen, déi sech eventuell Gedanke maachen, wéini si an d‘Pensioun ginn, well e perséinleche Liewensplang dovunner ofhänkt.

CGFP: Gespréicher sollen am Kader vun enger Tripartite geféiert ginn

Am Hierscht sinn iwwerdeems och bilateral Gespréicher mat de Gewerkschaften an de Betriber virgesinn, huet de Premier a senger Deklaratioun preziséiert. D’CGFP ass der Meenung, datt déi Diskussiounen an enger Tripartite solle geféiert ginn.

Dozou seet d‘Martine Deprez:

"Ma ech fannen et scho mol interessant, datt d'CGFP lo direkt gesot huet, datt dat tripartitesméisseg misst organiséiert sinn, a wa si dat seet, da gi se jo mol dovunner aus, datt si mat um Dësch sinn."

Éischten Etat des lieux am Hierscht

Net nëmmen d’CGFP huet sech dozou Gedanke gemaach, mee och de Verwaltungsrot vun der Caisse Nationale d‘Assurance de Pension, huet déi Fro opgeworf, D’CNAP ass zoustänneg fir all d’Pensiounen aus dem Privatsecteur.

"Do war och d'Angscht, datt lo mat Leit géif geschwat ginn, déi eigentlech net an der Gestioun vum Regime général dra wieren, dunn hunn ech deene verséchert, datt soubal et ëm Geld geet, wou si responsabel dofir sinn, da gëtt natierlech mat hinnen doriwwer geschwat, wéi d'Geld soll erakommen, wéi d'Geld soll ausginn a sou weider."

D’Martine Deprez ënnersträicht och, datt am Hierscht ee Constat des lieux soll gemaach ginn, an un deenen Diskussioune sollen all déi Concernéiert hir Positioun kënnen duerleeën.

Lauschterenplay_arrow