Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Syvicol begréisst méi Matsproochrecht bei Decisiounen, déi d'Gemenge betreffen

Lokales

De Syvicol begréisst méi Matsproochrecht bei Decisiounen, déi d'Gemenge betreffen

Vill Luef gouf et de Méindeg de Mëtteg um Neijoerschpatt vum Syvicol fir d‘Bereetschaft vun der Regierung, dem Syndicat des Villes et Communes an Zukunft méi Matsproochrecht ze ginn. Méi genau geet et dobäi em ëm déi obligatoresch Consultatioun vum Syvicol an Decisiounen déi d‘Gemenge betreffen.

auto_stories

1 min

Syvicol | © Syvicol
Foto: Syvicol

Eng Bereetschaft fir an déi Richtung ze goe wier zwar schonn am Koalitiounsvertrag ugedeit ginn, et misst een elo awer dorop opbauen an zesumme mat der Regierung e kloren Text ausschaffen, sou de President vum Syvicol Emile Eicher. Iwwerdeems misst och de Regimm vun de Subsidë fir d‘Gemengen ugepasst ginn. Op Nofro bei de Gemengen hätt ee misse feststellen datt, d‘Subsiden oft net duerginn, fir géint d‘Präisdeierecht unzekommen, déi et zënter de Pandemie gëtt, sou nach de Vizepresident vum Syvicol.

Wärend de Covid-Joren hätt et eng extreem Präisexplosioun ginn, souwuel wat de Präis vun der Aarbechtskraaft ugeet, mee och um Materialmaart. Esou wieren d‘Baumaterialien zum Beispill am kierzter Zäit vill méi deier ginn. An d‘Subventioune wieren net adaptéiert ginn, seet de Serge Hoffman.

"Dat féiert dann dozou, no Nofro déi mer haten, datt e groussen Deel vun deene Subventiounen déi ausbezuelt gi sinn, op de Schoulen, net mol d’TVA ofgedeckt hunn."