Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Memorials - Lamplighter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vu Leit, déi am Chômage sinn, klëmmt

Neist Zuele vum STATEC

Zuel vu Leit, déi am Chômage sinn, klëmmt

D‘Zuel vu Chômeuren hei am Land klëmmt: Am Dezember ass d‘Zuel u Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, ëm ronn 1.300 op ronn 19.500 geklommen, wat enger Hausse vu 7,3 Prozent par rapport zum Dezember dat Joer virun entsprécht. Déi Zuelen deelt d‘ADEM mat.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Am meeschte concernéiert wieren Demandeur-d‘emploien, déi schonn iwwer 7 Méint bei der ADEM ageschriwwe sinn, sou wéi Persounen am Alter vun iwwer 30 Joer, an Diploméierter. De saisonale Chômagetaux géif dem STATEC no stabel bleiwen, bei 5,9 Prozent.

Gläichzaiteg geet d‘Zuel u fräien Aarbechtsplaze bei der ADEM zeréck: Am Dezember gouf ronn 2.300 nei fräi Plaze bei der ADEM gemellt, wat enger Baisse vu 7,1 Prozent par rapport zum Joer virdrun entsprécht. Am ganze gouf et um 31. Dezember zejoert bal 6.000 fräi Aarbechtsplazen.