Wann ee sech decidéiert fir Villecher am Wanter ze fidderen, da sollt een am November domat ufänken an dann och duerchfidderen an net just sporadesch. Fett a Salz a generell Kichenoffäll sollt een de Vigel net ginn, mee Waasser kéint nach nëtzlech sinn, do misst ee just oppassen, datt et net fréiert an eventuell misst een et heiansdo botzen, fir Krankheete virzebeugen.
Am beschte mat Siloe fidderen
Dat bescht mat deem een de Vulle kéint hëllefe wieren awer nach ëmmer sougenannte Siloen aus deenen d'Vulle sech d'Käre kënnen erausplécken an net eng Plattform, wat net hygienesch ass an zu Krankheete féiere kann.
De Klimawandel huet negativ Auswierkungen
De Klimawiessel mat laangen Dréchente géif dofir suergen, datt verschidde Beem wéi Fichte verdréchenen „an alles wat mat deene Beem a Verbindung steet geet dann och verluer“ dat géif och fir Vigel gëllen, sou de Jim Schmitz.
Op www.naturemwelt.lu fënnt ee weider Informatiounen iwwer d'Wanterfidderung a wann ee Froen huet kann een och gär am Haus vun der Natur uruffen.