Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elmen: Wéi erwächt een en neit Duerf zum Liewen?

SNHBM

Elmen: Wéi erwächt een en neit Duerf zum Liewen?

D’Lëtzebuerger Populatioun wiisst schonn zënter Jore séier – an awer ass et éischter sielen, datt anzwousch e ganzt neit Duerf entsteet. An der Gemeng Kielen ass dat awer am Moment am Gaang ze geschéien.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

De President vun der ASBL MyElmen, de Geir Sandik Hjelen, an den zoustännege Schäffe vu Kielen Marc Bissen | © Rick Mertens play_arrow
De President vun der ASBL MyElmen, de Geir Sandik Hjelen, an den zoustännege Schäffe vu Kielen Marc Bissen (Foto: Rick Mertens)

"Elmen" heescht déi nei Cité vun der SNHBM an där aktuell schonn eng 400 Awunner liewen. An e puer Joer sollen hei eng 2.000 Leit wunnen.

D'Noperen zesummebréngen

Ee vun den éischten "Elmener" ass de Geir Sandik Hjelen, dee virun ongeféier engem Joer dohi geplënnert ass. Hien huet sech d'Zil gesat, d'Awunner vun Elmen méi no beieneen ze bréngen. Mat enger Rei Noperen huet hien d'ASBL My Elmen gegrënnt, vun där hien elo och President ass.

Am Comité vun der ASBL gi fir d'Noperschaft eng Rei sozial, kulturell a sproochlech Aktivitéiten organiséiert. Zum Beispill eng Ouschtereeërsich fir d'Kanner och nach en Noperschaftsfest.

Infrastruktur de groussen Defi

Ee groussen Defi, wa sou ee ganz neit Duerf entsteet, ass awer och d'Infrastruktur: D'Verbindung un den ëffentlechen Transport wier nach net ideal, bedauert de Marc Bissen. D'Gemeng hätt awer scho verséchert kritt, datt eng eege Buslinn soll entstoen an hie weist sech zouversiichtlech, datt dat zäitno geschitt.

Elmen soll och eng eege Schoul kréien, déi ass awer elo nach net fäerdeg. Dofir mussen d'Kanner aktuell nach an d'Schoulen an de Nopeschdierfer, erkläert de Kielener Schäffe Marc Bissen. De Geir Sandik Hjelen freet sech sengersäits drop, wann d'Schoul zu Elmen bis op ass. D'Kanner kéinten dann all Dag ganz einfach zu Fouss an hir Schoul trëppelen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft
Interview