Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Et ass wichteg d'Aarbechtsplazen am Bausecteur ze erhalen

Kris am Bauhandwierk

Lex Delles: Et ass wichteg d'Aarbechtsplazen am Bausecteur ze erhalen

Wann all d’Betriber, déi a Fro kommen, de Chômage partiel fir 20 Prozent vun hire Mataarbechter ufroe sollten, da géife gutt 3.000 Leit ënner déi Mossname falen. Dee Chiffer nennt de Wirtschaftsminister am 100,7-Interview, zwee Deeg no der Decisioun vun der Regierung, Deeler vum Bausecteur en crise ze setzen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

play_arrow
De Wirtschaftsminister Lex Delles. (Foto: Chris Zeien)

Der Regierung hiert Zil ass et Aarbechtsplazen ze erhalen, fir datt och no der Baukris nach genuch Aarbechtsplazen am Secteur existéiere fir méi bauen ze kënnen. Zum Zil vun der Moossnam, vun där just Entreprisë profitéiere kënnen, déi an de Beräicher Héichbau an Terrassement täteg sinn, sot de Lex Delles. De Käschtepunkt vun der Moossname fir d’ëffentlech Hand beziffert hien op 6,5 bis 7 Milliounen Euro de Mount.

Lex Delles: D'Regierung steet hannert dem Léon Gloden

Op d‘Heescheverbuet ugeschwat, seet de Lex Delles, datt a sengen Aen „egal wéi eppes muss gemaach ginn“, well et an der Stat effektiv e Probleem mam agressiven Heesche géif ginn. An deem Sënn wier et och richteg, datt de Stater Schäfferot an den Inneminister Decisioune geholl hätten. D‘Regierung géif och hannert där Decisioun stoen, sou de Wirtschaftsminister.

 


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft
Interview